Et ass en historesche Schrëtt: Déi verbueden Aarbechterpartei PKK huet e Méindeg hir Opléisung an d'Enn vum arméierte Kampf géint d'Tierkei annoncéiert.

Wéi et vun der pro-kurdescher Noriichtenagence ANF heescht, hätt den 12. Kongress vun der PKK decidéiert, d'Partei opzeléisen a mat der Method vum bewaffente Kampf opzehalen. Déi tierkesch Regierung huet vun enger "historescher Decisioun" geschwat.

D'PKK huet der ANF no erkläert, datt si hir "historesch Missioun" erfëllt hätt an duerch hiren arméierte Kampf "déi kurdesch Fro op engem Punkt ukomm ass, un deem si elo duerch eng demokratesch Politik geléist ka ginn".

Déi kurdesch Aarbechterpartei kämpft zanter 1984 géint den tierkesche Staat a fir d'Rechter vun der kurdescher Bevëlkerung. Si gëtt vun Ankara a senge westlechen Alliéierten als Terrororganisatioun klasséiert. Iwwer 40.000 Mënsche si bei de Kämpf tëscht der PKK an der tierkescher Arméi ëm d'Liewe komm.

Fir déi tierkesch Regierung huet sech den Ausseminister Hakan Fidan zouversiichtlech gewisen. "D'Decisioun vun der PKK ass eng historesch a wichteg Decisioun, virun allem mat Bléck op den dauerhafte Fridden an d'Stabilitéit an eiser Regioun", sot de Politiker vun der Regierungspartei AKP vum President Erdogan bei enger gemeinsamer Pressekonferenz mat sengen Homologen aus Syrien a Jordanien.

De syreschen Ausseminister al-Schaibani huet der tierkescher Regierung zu engem "Schrëtt vun entscheedender Bedeitung" fir "d'Stabilitéit vun eiser gesamter Regioun" gratuléiert. De Spriecher vun AKP huet d'Ukënnegung vun der Opléisung e "Wendepunkt" genannt. D'Regierung géing dëse Prozess "suergfälteg iwwerwaachen".