Veräin "Königreich Deutschland" verbueden - véier Persoune festgeholl

© AFP
Bei de bundeswäite Razzie gouf ënner anerem de Peter Fitzek festgeholl, de selwer ernannten "Ieweschte Souverän" vun der Räichsbierger-Vereenegung.
Um fréien Dënschdegmoien huet den däitschen Ausseministère de Veräin "Königreich Deutschland" op Grondlag vum bundeswäite Veräinsrecht verbueden. Dobäi handelt et sech ëm eng Gruppéierung vu sougenannte Räichsbierger, déi géint d'Iddi vum Land Däitschland als Bundesrepublik ass. Den Inneminister Alexander Dobrindt huet dës Decisioun domadder begrënnt, datt sech d'Aktivitéiten an d'Ziler vum Veräin géint déi "verfassungsméisseg Uerdnung an de Gedanke vun der Vëlkerverstännegung" riichte géingen.
Zäitgläich gouf et an de fréie Moiesstonnen donieft a ganz Däitschland verschidde Razzien op Plaze vum Veräin an a Wunnenge vu Memberen. Dorënner an de Bundeslänner Baden-Württemberg, Niedersachsen, Nordrhein-Westfalen, Rheinland-Pfalz, Sachsen, Sachsen-Anhalt an Thüringen. Wéi d'Noriichtenagence AFP doropshi gemellt huet, gouf dobäi nieft dräi anere Persounen och de Peter Fitzek festgeholl, dee sech selwer als "Ieweschte Souverän" ernannt huet an d'"Kontroll an d'Entscheedungsgewalt an alle weesentleche Beräicher" hat.