Déi 166 Passagéier vun engem Fluch vun Air Malta vu Faro goufen no 13 Auer evakuéiert. De Fliger gouf ënnersicht. D'Pist ass nees op.

Dat huet de Fluchhafen zu Charleroi confirméiert.

Kuerz no 11 Auer  ee Bommenalarm gemellt gi fir eng Maschinn, déi vu Faro koum an ënnerwee op Charleroi war. De Porte-Parole vum Fluchhafen hat ugangs iertemlecherweis vu Porto geschwat.

Et gouf virop ee Perimeter vu 500 Meter ronderëm de Fliger opgeriicht.Réischt 2 Stonnen drop gouf mat der Evakuatioun ugefaangen. De Betrib um Fluchhafen war ganz gestoppt ginn. Fligeren, déi hei lande sollten, goufen op Bréissel a Lille ëmgeleet. Eng Dose Volle ware betraff.

No 13.30 Auer gouf d'Pist nees opgemaach.

An der Moyenne hunn d'Departen um Fluchhafen elo eng 3 Stonne Retard.

De Parquet wëll méi spéit weider Detailer ginn.