Tëschent Igel a Wasserbilligerbrück
Zwou Persoune bei schwéierem Verkéiersaccident op der B49 ëm d'Liewe komm

© Kevin Schößler / Mosel-News-TV
Op der B49 direkt hannert der Grenz koum et en Dënschdeg am Nomëtteg zu engem schwéieren Accident, bei deem en Erwuessenen an e Kand ëm d'Liewe komm sinn.
Wéi d'Tréierer Police matdeelt, ass e 46 Joer ale Chauffer aus bis ewell ongekläerte Grënn mat senger Camionnette an de Géigeverkéier geroden a krut do en aneren Auto ze paken. De Chauffer vun der Camionnette ass nach op der Plaz u senge Blessure verscheet, e Kand, wat mat him am Gefier souz, ass spéider am Spidol gestuerwen. D'Fuererin vum aneren involvéierten Auto gouf schwéier blesséiert. D'Streck war temporär fir den Trafic gespaart.
©
Kevin Schößler / Mosel-News-TV
©
Kevin Schößler / Mosel-News-TV
©
Kevin Schößler / Mosel-News-TV
Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Am meeschte gelies