A senger ZDF-Emissioun "Neo Magazin Royal" huet den däitsche Moderator Jan Böhmermann d'Identitéit vun engem populäre rietse YouTuber deels oppe geluecht.

Konkreet geet et ëm de YouTuber "Clownswelt", deen zum Zäitpunkt vun der Diffusioun vum ZDF-Bäitrag eng knapp 230.000 Abonnenten op der Videoplattform hat. Seng Videoen, an deenen hien op provokant Manéier ënner anerem lénk oder gréng Politiker beleidegt oder d'Expulsioun vu Migrante fuerdert, zéien an éischter Linn e rietse Public un.

A senger Emissioun huet de Jan Böhmermann dës Aart vu politesch rietsem Online-Contenu thematiséiert an dem YouTuber säi Virnumm, säin Alter an och vag Undeitungen u säi Wunnuert verëffentlecht. Dat mam Argument, eng Persoun mat esou vill Follower an de soziale Reseaue kéint och "hiert Gesiicht weisen". E Recht op Anonymitéit géif et am Mainstream net ginn, sou de Böhmermann, deen d'Recherche zu "Clownswelt" zesumme mat der "Zeit" gemaach huet.

Am Internet huet de Bäitrag eng hëtzeg Debatt ausgeléist: Kritiker geheien dem ZDF-Entertainer elo vir, et géif sech bei sengem Virgoen ëm "Doxing"* handelen. Och d'AfD huet sech an der Affär ageschalt an den ëffentlech-rechtleche Medien an Däitschland reprochéiert, änlech Methode wéi "totalitär Systemer" ze notzen, fir géint "kritesch Stëmme" virzegoen.

Nieft dëser Kritik an och deels heftege Beleidegunge gouf et fir de Jan Böhmermann awer nach aner Konsequenzen: Och perséinlech Donnéeë vun him, wéi zum Beispill seng angeeblech privat Adress goufe kuerz no der Diffusioun vum Bäitrag am Internet vu Sympathisante vu "Clownswelt" verëffentlecht. Verschidde Medien no sollen tëschenzäitlech och d'Nimm vu senge Kanner am Internet zirkuléiert sinn. Och Persounen, déi de Bäitrag aus der ZDF-Emissioun ëffentlech gelueft hunn, goufen Affer vu geziilten Doxing-Attacken, wéi zum Beispill de Berliner Grénge-Politiker Daniel Eliasson.

De concernéierte YouTuber ass entretemps aus enger Metalband, an där hien als Gittarist gespillt huet, erausgeheit ginn. D'Band selwer schwätzt an deem Kontext vun oniwwerbréckbare "politeschen Differenzen". De Gittarist hätt wärend Jore seng Tätegkeet als rietse YouTuber virun den anere Bandmembere verheemlecht.

Mat senge Videoe wäert "Clownswelt" eegenen Aussoen no net ophalen. Zanter der Diffusioun vun der "Neo Magazin Royal"-Emissioun krut hien op senger Chaîne eng 200.000 Abonnente bäi.

*Als "Doxing" bezeechent een d'Verëffentlechung vu perséinlechen Donnéeë vun enger Persoun, wéi Numm, Ausgesinn, Adress oder Aarbechtsplaz ouni hiert Averständnes.