Dräi Ukrainer an Däitschland an an der Schwäiz festgeholl

© AFP (Archiv)
D'Männer goufen an Däitschland an an der Schwäiz festgeholl, dat hunn d'Autoritéiten e Mëttwoch zu Karlsruhe matgedeelt.
Den däitsche Parquet général huet dräi Ukrainer festhuele gelooss. Si sollen Agenten am Optrag vu Russland sinn a geplangt hunn, aus Däitschland Bommepäck an d'Ukrain ze schécken, déi sech beim Transport entzünde géifen.
Fir Informatiounen iwwer Transportweeër ze kréien, soll ee vun de Männer zu Köln zwee Testpäck ofginn hunn, an deenen ënner anerem GPS-Tracker waren. D'Nimm vun den dräi Männer goufe mat Yevhen B., Daniil B. und Vladyslav T. ugi ginn. Déi zwou Persounen, déi an Däitschland festgeholl gi sinn, sëtzen an Untersuchungshaft. D'Persoun, déi an der Schwäiz festgeholl ginn ass, soll an Däitschland bruecht ginn.