Trump fuerdert Syrien zur Unerkennung vun Israel op

Trump gëtt al-Schaara d'Hand / © Saudi Royal Palace/AFP/Bandar AL-JALOUD
Den US-President huet um Bord vu senger Visitt a Saudi-Arabien de syreschen Iwwergangspresident Ahmed al-Scharaa gesinn.
Wéi dat Wäisst Haus matgedeelt huet, huet den US-President den al-Scharaa beim Treffen e Mëttwoch zu Riad dozou opgeruff, d'Bezéiungen zu Israel ze normaliséieren, palästinensesch "Terroristen" auszeweisen an d'Kontroll iwwer Internéierungscampen am Nordoste vu Syrien ze iwwerhuelen, an deene Kämpfer vun der Dschihadistenmiliz Islamesche Staat (IS) festgehale ginn.
Den Trump an den al-Scharaa hu ronn eng hallef Stonn matenee geschwat. Et war dat éischt Treffen tëscht engem US-President an engem syresche President zanter 25 Joer. Fir d'lescht hat de fréieren US-President Bill Clinton am Joer 2000 den Hafis al-Assad gesinn, de Papp vum am Dezember gestierzte syreschen Diktator Baschar al-Assad.
De saudesche Krounprënz an De-facto-Herrscher Mohammed bin Salman war beim Treffe vun Trump an al-Scharaa dobäi. Och den tierkesche President Recep Tayyip Erdogan huet per Video um Gespréich deelgeholl, dat huet déi tierkesch Noriichtenagence Anadolu matgedeelt. Den Erdogan huet deemno déi vum Trump en Dënschdeg annoncéiert Ophiewung vun de Sanktioune géint Syrien begréisst. Den tierkesche President géing hoffen, weider Länner géingen deem Beispill nogoen, sou nach d'Noriichtenagence Anadolu.
Den Trump hat en Dënschdeg annoncéiert, fir d'Sanktioune géint Syrien opzehiewen. Hie wëllt dem Land eng Chance ginn. De saudesche Krounprënz bin Salman hätt hien drëm gebieden. Syrien huet d'Decisioun vum Trump begréisst. D'Ophiewe vun de Sanktioune wier en "decisive Punkt fir dat syrescht Vollek an eiser Entwécklung hin zu enger Zukunft vu Stabilitéit, der wirtschaftlecher Stabilitéit an dem richtegen Neesopbau no Jore vu Krich", sou de syreschen Ausseminister Asaad al-Schaibani der Noriichtenagence Sana géintiwwer.