Poopst Leo XIV. offréiert Vermëttlung tëscht Krichsparteien

© AFP/Alberto PIZZOLI
Den neie Poopst Leo XIV. huet bei engem Treffe mat Vertrieder vun de kathouleschen Ostkierchen eng Vermëttlung tëscht Krichsparteien ugebueden.
"Den Hellege Stull steet ëmmer bereet, fir Feinden zesummenzebréngen, vun Ugesicht zu Ugesicht, fir datt se matenee schwätzen", sou de Chef vun der kathoulescher Kierch e Mëttwoch am Vatikan. Dobäi géing et drëm goen, "datt d'Mënschen iwwerall nees Hoffnung kréien an d'Dignitéit erëmfanne kënnen, déi se verdéngen, d'Dignitéit vum Fridden".
Hie wäert perséinlech "alles dofir maachen, datt dëse Fridden herrscht", sou nach de Poopst. "D'Mënschen an eiser Welt wënsche sech Fridden", sou de Poopst weider. "Hir Responsabel bieden ech vu ganzem Häerzen: Loosst eis treffen, loosst eis matenee schwätzen, loosst eis verhandelen!"
De Poopst huet och de Schutz vu chrëschtleche Minoritéiten a Länner vum Noen Oste gefuerdert. "Chrëschte mussen d'Méiglechkeet kréien, an hiren Heemechtslänner ze bleiwen, mat alle Rechter, déi et fir eng sécher Existenz brauch", sou nach den neie Poopst. Hien huet d'Chrëschten an de Länner vum Noen Osten dozou opgeruff, hir Heemecht net opzeginn an "der Versuchung, dës ze verloossen", net nozeginn.
De Robert Prevost war en Donneschdeg d'lescht Woch zum 267. Poopst gewielt ginn. Hien hat schonn d'Gebiet e Sonndeg genotzt, fir virun zéngdausende Leit op der Péitersplaz den Appell ze maachen, all de Kricher en Enn ze setzen. E Sonndeg gëtt op der Péitersplaz déi feierlech Inthroniséierung vum neie Poopst zelebréiert.