Bundeswehr soll stäerkst Arméi an Europa ginn

© FLORIAN GAERTNER Photothek Media Labdpa Picture-Alliance via AFP
A senger éischter Regierungserklärung huet de Bundeskanzler Friedrich Merz vill Sujeten opgegraff.
De Bundeskanzler Friedrich Merz huet sech a senger éischter Regierungserklärung fir e wirtschaftlechen Opbroch an eng staark Roll an Europa staark gemaach. Däitschland stéing virun "enormen" nationalen, internationalen an och finanzpoliteschen Erausfuerderungen, sou de Merz e Mëttwoch am Bundestag zu Berlin. Hie wier awer iwwerzeegt, datt een dës "aus eegener Kraaft" bewältegte kéint. Der Ukrain huet de Merz weider Ënnerstëtzung zougeséchert, d'Bundeswehr soll donieft massiv gestäerkt ginn.

© AFP/John MACDOUGALL
Hie wéilt, datt d'Biergerinnen an d'Bierger "schonn am Summer spieren: Hei verännert sech lues eppes zum Besseren, et geet virun", sou de Bundeskanzler. Hien huet dobäi op Accorden am Koalitiounsvertrag mat der SPD verwisen, wéi beispillsweis eng Baisse vun den Energiepräisser.
"Eis Wirtschaft ass a groussen Deeler ëmmer nach wettbewerbsfäeg", huet de Kanzler betount. Ma d'Bedingunge ronderëm wieren et net méi. De Merz huet verschidde Beispiller genannt: Ze vill Bürokratie, Infrastrukturen, déi sanéiert misste ginn, eng deier Energieversuergung a vergläichsweis héich Steieren. Dat misst sech änneren, fir datt Däitschland nees "zu enger Wuesstemslokomotiv" géing ginn an Aarbechtsplazen erhalen an nei geschafe géife ginn.
A wéi engen Delaie wat soll ëmgesat ginn, huet de Merz net gesot. De Minister Thorsten Frei huet sengersäits am Bundestag gesot, d'Regierung géif eréischt "an den nächsten Deeg" e Plang "fir déi nächst Wochen a Méint" virleeën.
Eng kloer Ofso gouf et vum Merz fir d'Fuerderunge vun der SPD, d'Hausse vum Mindestloun op 15 Euro gesetzlech festzeschreiwen. Dës Hausse am Laf vun 2026 géif hie fir "erreechbar, fir méiglech a fir wënschenswäert" halen, sou de Merz.
Am Verdeedegungsberäich ass de Merz mat Bléck op Russland däitlech ginn: Hie wéilt d'Bundeswehr "konventionell zur stäerkster Arméi an Europa" maachen.
De Merz huet säi Wee a puncto Migratioun verdeedegt. Déi verstäerkt Kontrollen an Zeréckweisungen un däitsche Grenze géingen am Aklang mam europäesche Recht geschéien.
Den neie Kanzler huet der Ukrain weider Solidaritéit an der Lutte géint Russland zougeséchert. De Merz wëll dobäi wéi säin SPD-Virgänger Olaf Scholz dofir suergen, datt Däitschland "keng Krichspartei" gëtt.
Och Israel huet de Merz Solidaritéit zougeséchert. Hien huet sech zwar besuergt iwwer eng méiglech "akut Hongersnout" an der Gazasträif gewisen. Zu der internationaler Kritik um Virgoe vun Israel an der Gazasträif an dem Blockage vun humanitären Hëllefsliwwerungen huet sech de Merz net geäussert.