EU versprécht Bürokratie-Ofbau

© AFP/Archiv/JOHN THYS
D'EU-Kommissioun vereinfacht déi europäesch Agrarpolitik.
E Mëttwoch huet de Lëtzebuerger Agrar-Kommissär Christophe Hansen en neie Pak presentéiert. Haaptpunkt ass deen, datt administrativ Obstakele sollen ewechfalen. Ënner anerem sollen Ëmwelt-Exigenzen a Kontrolle vereinfacht ginn. Den double emploi tëscht europäeschen an nationale Reegele soll evitéiert ginn an et gëllt de Prinzip: Eng eenzeg Kontroll op der Plaz pro Joer pro Exploitatioun.
Konkreet soll beispillsweis e Biobauer net méi noweise mussen, datt e bestëmmt EU-Ëmweltoplagen erfëllt, fir déi en EU-Gelder kritt. Donieft gëllt fir kleng Baueren e méi attraktiven Hëllefsregimm an et soll verstäerkt op d'Digitaliséierung gesat ginn.
Der Bréisseler Rechnung no sollen d'Bauere mam neie Pak esou 1,58 Milliarden Euro spueren a bei den nationalen Administratioune wieren Ekonomië vun iwwer 200 Milliounen Euro méiglech.