Iwwer eng Arnaque um Telefon hu Krimineller ee Mann a Rheinland-Pfalz ëm iwwer eng Millioun Euro bruecht.

Déi Kriminell haten dem Mann aus Idar-Oberstein géigeniwwer behaapt, seng Duechter hätt een déidlechen Accident verursaacht a kéint d'Untersuchungshaft just duerch eng héich Kautioun ëmgoen.

Wéi d'Police zu Tréier e Mëttwoch matdeelt, hunn déi Onéierlech en Dënschdeg an enger sougenannter "Call-Center-Arnaque" ronn fënnef Stonne laang op de Mann ageriet.

Géint 13 Auer hu si dem Mann ugeruff an him gesot, seng Duechter hätt en déidlechen Accident ausgeléist. Een erfonnte Procureur hätt allerdéngs entscheet, datt si géint eng Kautioun net misst an Untersuchungshaft.

D'Affer huet der erfonntener Geschicht gegleeft an ass der Opfuerderung, Wäertgéigestänn ofzeginn, nokomm. Wärend der Iwwergab zu Idar-Oberstein waren déi Kriminell weider mam Affer um Telefon.

Dem Mann gouf du gesot, d'Valeur vun de Wäertgéigestänn géif nach net duergoen. Eng erfonnten Obduktioun vun dem angeeblechen Doudesaffer am genee esou erfonnte Verkéiersaccident hätt erginn, datt d'Affer schwanger gewiescht wier, hunn déi Kriminell behaapt. D'Kautioun misst dowéinst nach emol méi héich ausfalen.

Iwwer Telefon hunn déi Onéierlech et du fäerdegbruecht, d'Affer bis op Mainz ze lackelen, wou hien nach emol Wäertgéigestänn iwwerginn huet. Alles an allem haten d'Wäertgéigestänn deemno eng Valeur vun iwwer enger Millioun Euro.

An engem Zeienopruff sicht d'Police vun Tréier elo no zwou Fraen, un déi d'Affer vun der Arnaque d'Wäertgéigestänn iwwerginn huet. D'Fra zu Idar-Oberstein ass ronn 30 Joer al a schwanger (wuel am 4. Mount), wärend d'Fra zu Mainz Ufank 30 ass a blond Hoer huet. Weider Detailer zu der Persounebeschreiwung fannt Dir hei.