Dat huet de franséische Parquet en Donneschdeg matgedeelt. A Frankräich kënne Verurteelter vu 70 Joer un Erliichterungen an der Haft ufroen.

De Sarkozy, dee wéinst Korruptioun zu dräi Joer Prisong mat Sursis, dovunner ee Joer Hausarrest mat Foussfessel verurteelt gouf, krut am Januar seng 70 Joer. Och wann hien d'Foussfessel, déi en zanter Februar gedroen huet, elo ausdoe kann, muss hie weiderhi verschidden Oplage respektéieren, wéi zum Beispill ëm Erlabnes froe fir Auslandsreesen oder Reese bannent Frankräich fir méi wéi zwou Wochen. Och ass en dozou verflicht, weiderhin Termäiner mat Sursis-Beroder wouerzehuelen.

Den Nicolas Sarkozy war wéinst Bestiechung an onerlaabtem Afloss op eng lafend Enquête zu dräi Joer Prisong verurteelt ginn. Zwee Joer sinn op Sursis, ee Joer huet hie mussen Doheem mat enger Foussfessel ofsëtzen. Den Ex-President hat d'Reprochë viru Geriicht ofgestridden. Am September gëtt e weidert Urteel géint de Sarkozy erwaart , dat wéinst engem presuméierte Korruptiounsdeal mam fréiere libesche Staatschef Muammar al-Gaddafi. De Parquet fuerdert an deem Prozess 7 Joer Prisong ouni Sursis an eng Geldstrof vun 300.000 Euro.