"Dat palästinensescht Vollek ass isoléiert, agespaart, erschëpft", sou de Ziad Medoukh.

E palästinensechen Universitéitsprofesser a Schrëftsteller, deen zanter dem Ufank vum Krich am Oktober 2023 d’Gazasträif net méi verlooss huet.

"Même le temps de dénoncer et de condamner les opérations militaires, la famine, la fermeture de passages, il a diminué après la reprise des bombardements. ‘’ sou den Auteur vum Buch ‘’ Gaza, ma vie sous les bombes" , wat am Dezember d’lescht Joer publizéiert gouf.

Zwee Méint un intensive Bombardementer

Zanter dem 18 Mäerz, wou ee fragille Waffestëllstand vun zwee Méint gebrach gouf, goufen déi israeelesch Bombardementer nach méi intensiv. Sou de Ziad Medoukh. Eleng 2.500 Mënsche wieren zanterhier ëm d'Liewe komm. Virop Zivilisten. Iwwer 600.000 Awunner aus der Gazasträif wiere vun der Israeelescher Arméi verdriwwe ginn. Well Israel zanter Ufank Mäerz all Grenzen zougemaach huet, géif et un allem feelen: Iesswueren, Medikamenter, Drénkwaasser. 965 Pëtzer, wieren zerstéiert.

"Il y a des citernes d’eau qui passent dans les quartiers. Et chaque foyer a le droit de 20 à 25 litres d’eau potable tous les 2 -3 jours. On le paye très cher. Un gallon de 20 litres, c’est 4 euros."

Eng Hongersnout, déi ëmmer méi Mënschen trëfft

"Il y a 52 Palestiniens qui sont mort de la famine et de la malnutrition. Parmi eux 25 enfants moins de 14 ans"

Clinique géife kaum nach funktionéieren. Et géif ëmmer manner Dokteren. De Ziad geet och am Gespréich op déi mental Traumaen an.

Zäit fir op z'ootme géif et kaum

Meeschtens géif den Dag um 6 Auer ufänken. Mat der Sich no Holz fir ze kachen. Gas gëtt et kee méi. Dann heescht et eppes fannen fir z'iessen. 40 50 Euro de Kilo Räis. Ma meeschte kéimen d'Leit mat eidelen Hänn Heem. Täscheluuchten, Handye kéinten nëmmen do opgeluede ginn, wou et Sonnepanneaue ginn. Beispiller, vun engem Alldag ënnert de Bommen, oft op der Flucht. Wou et fir de Zial Medoukh just zwee Ausweeër ginn. Mat Bléck op déi aktuell Visitte vum amerikanesche President Trump an de Golfstaaten.

"Soit une solution radicale. Ça veut dire que les pourparlers pour arriver à un cessez le feu vont échouer. Donc, ça sera après-demain, après la fin de la visite du président américain dans la région. De nouveau l’armée de l’occupation va de nouveau attaquer la bande de gaza. Mais d’une façon plus violente. Avec le déplacement forcé de presque 2 millions de palestiniens du nord vers le sud."

Dat wier dat Schlëmmst, wat dem palästinensesche Vollek nach geschéie kéint. Krich oder Fridden. D’Hoffnung opginn wëllen d’Palestinenser awer net.

"Soit on va arriver à une trêve, même fragile, même provisoire. Avec la libération de quelques otages."

Israel misst dëser terribeler Aggressioun en Enn setzen

Dat kéint nëmmen dank internationalem Drock passéieren. Rezent Aussoe vum franséische President Macron, dem spuenesche Premier Sanchez wiere Fonken un Hoffnung. Sou de Ziad Medoukh. Dat palästinensescht Vollek géif iwwer all Leiden eraus net opginn.

]comments]