Inneminister Gloden trëfft Responsabel fir Immigratioun a Sécherheet

Den Inneminister Gloden virum Lëtzebuerger Helikopter, dee fir Iwwerwaachungsmissiounen iwwer dem Mëttelmier ënnerwee ass. / © MAINT
Italien ass prett, seng Positioun vun den sougenannten Dublin-Transferten z'iwwerdenken.
Dann also wa Leit, déi illegal an engem Land sinn, un de Staat ausgewise ginn, wou se fir d'éischt de Kontinent betrueden hunn. Zanter dräi Joer refuséiert Italien, fir d'Dublin-Accorden ëmzesetzen a Leit zeréckzehuelen, déi den Asyl refuséiert kruten. Natierlech ass et a ville Fäll Italien, wou Flüchtlingen aus Afrika mat Booter ukommen an dann am EURODAC-System enregistréiert ginn.
D'italieenesch Ouverture notéiert den Inneminister Léon Gloden no senger Visitt an Italien, wou hie säi Kolleeg Matteo Piantedosi gesinn huet. Op Lampedusa huet den CSV-Minister och d'Responsabel vum Flüchtlingshëllefswierk vun der UNO gesinn an d'Zentre besicht, déi op der Insel fir den Accueil vun de Flüchtlinge responsabel sinn.
De Minister war och bei engem Observatiounsvol vun engem Lëtzebuerger Helikopter dobäi, dee fir Iwwerwaachungsmissiounen iwwert dem Mëttelmier ënnerwee ass. Den Asaz vum Helikopter gouf als wichteg an effikass beschriwwen.
Lampedusa ass en Hotspot vun der Immigratioun, wou alt op eenzelen Deeg bis zu 5.000 Leit mat Booter ukommen - d'Zentren, déi fir eng 600 Leit Plaz hunn, mussen dacks bis zu 6.800 Mënschen ophuelen.