US-Autoritéiten ermëttele géint fréieren FBI-Chef James Comey

© GETTY IMAGES NORTH AMERICA/AFP/Archiv/Dia Dipasupil
Well hien op Instagram eng Foto mat méiglecherweis zweedeitegem Message verëffentlecht huet, gëtt elo géint den Ex-FBI-Chef ermëttelt.
Dat huet ënner anerem den aktuellen FBI-Chef Kash Patel um Kuerznoriichtendéngscht X confirméiert. Och d'US-Ministesch fir Heemechtsschutz Kristi Noem schreift op X, datt hire Ministère an och den US-amerikanesche Geheimdéngscht d'"Menace" ënnersichen an "adequat drop reagéiere" wäerten.
De Comey hat op Instagram eng Foto gepost, op där Muschelen d'Zuelen 86 a 47 formen a geschriwwen "Cool placéiert Muschele bei mengem Spadséiergang op der Plage". "86" ass an den USA eng ëmgangssproochlech Bezeechnung fir een oder eppes ze eliminéieren, den Donald Trump ass de 47. President vun den USA.
Entretemps huet den James Comey de Post nees geläscht an eng Stellungnam verëffentlecht, an där hie bestreit, e Message wéilten auszedrécken, oder gewosst ze hunn, datt verschidde Leit "dës Zuele mat Gewalt a Relatioun bréngen". Hie wier géint Gewalt an hätt d'Foto dowéinst geläscht.
Den 13. Juli zejoert war den Donald Trump wärend engem Walkampfoptrëtt am Pennsylvania nëmme knapp engem Attentat op hien entgaangen. Hie war um Ouer blesséiert ginn. Opgrond vun der aktuell ugespaanter politescher Atmosphär zanter den Trump nees President ass, besteet am Wäissen Haus d'Suerg, datt et nees zu Gewalt komme kéint.