13 Blesséierter nodeems Auto a Grupp vu Supporter rennt
Virum Derby tëscht Espanyol an dem FC Barcelona gouf et en Donneschdegowend virum Ufank vum Match grouss Opreegung.
Kuerz éier d'Partie ugepaff gouf, ass en Auto an e Grupp vu Supporter vun Espanyol Barcelona gerannt. Der Police no goufen 13 Persoune blesséiert, dovunner awer kee schwéier. De Virfall soll en Accident gewiescht sinn. Passéiert ass dat ganzt virun der Entrée vum Stadion op enger Plaz, wou sech haaptsächlech Supporter vun Espanyol opgehalen hunn. De Match gouf an der 8. Minutt kuerz ënnerbrach, fir de Spectateure matzedeelen, datt d'Situatioun baussent dem Stadion ënner Kontroll wier.
De Chauffeur vum Auto, war der spuenescher Police no eng 34 Joer al Fra, hiren Alkohol- an Drogentest war negativ. Si soll d'Kontroll iwwer hiren Auto verluer hunn. Siwe Persoune goufe mat liichte Blessuren an d`Spidol ageliwwert, sechs anerer goufen op der Plaz behandelt.