Well e Stéck vun engem Gletscher ofgebrach war, gouf am Süde vun der Schwäiz en Deel vum Duerf Blatten vun enger riseger Lawin iwwerrullt.

D'Haiser vu sëllegen Awunner vum Duerf wieren zerstéiert ginn, sot den Informatiounschef vum lokale Militär, de Jonas Jeitziner, der Schwäizer Noriichtenagence Keystone-SDA e Mëttwoch. Deemno géing eng Persoun vermësst ginn.

D'Duerf am Kanton Wallis mat ronn 300 Awunner war d'lescht Woch wéinst der Gefor, dass Stécker vum Gletscher ofbriechen, evakuéiert ginn. E groussen Deel vum Birchgletscher war géint 15.30 Auer ofgebrach, heescht et weider vun de lokalen Autoritéiten. Op YouTube ware Videoen ze gesi vun enger riseger Wollek aus Äis a Gestécks, déi den Hang vum Bierg eroffält.

Schonn e puer Deeg laang war sech erwaart ginn, datt d'Stéck brieche géing. Zanter der Nuecht op e Mëttwoch gouf eng däitlech Hausse vun der Aktivitéit vum Gletscher registréiert, déi sech am Laf vum Dag verstäerkt hat.

Schwäizer Gletscher si wéinst der Klimaerwäermung tëscht 2022 an 2023 esou staark wéi an der ganzer Period vun 1960 bis 1990 an hunn zéng Prozent vun hirem Volume verluer.