Elo ermëttelt de Parquet vun Tréier géint e Statiker

© afp
Zwou Persoune koumen ëm d'Liewen an aacht Leit ware blesséiert ginn. Zu Kröv op der däitscher Musel ass am August zejoert en Hotel an e Koup gefall.
Elo steet d'Ursaach fest. Eng Expertise seet, datt en Ëmbau an den 80er Jore Schold ass, datt d'Material noginn huet an datt e Chantier zejoert d'Gebai kollabéiere gedoen huet.
Elo ermëttelt de Parquet vun Tréier géint e Statiker, wéi et an engem Communiqué heescht.
An den 80er Jore waren zwee zousätzlech Stäck op eng existent Konstruktioun gebaut ginn. Mat der Zäit ass Holz gefault an et koum zu Rëss. Wéinst dëse Rëss hunn d'Hotelsbedreiwer e Statiker beoptraagt an an der Suite goufen et Bauaarbechten.
Wann de Statiker bei deem Chantier déi richteg Mesuren en place gesat hätt, hätt d'Katastroph kënne verhënnert ginn, sou d'Expertise. E Fachmann hätt missten erkennen, datt d'Baustruktur wärend de Chantiersaarbechten ëmmer méi labil gouf.
D'Gebai un der Musel war am August 2024 zesummegefall. Ee ganze Stack war carrement agesackt. Eng Fra an den Hotelsbesëtzer goufen deemools dout gebuergen. Aacht Persoune, dorënner eng hollännesch Famill mat engem Kand vun zwee Joer, déi am Hotel an der Vakanz waren, konnten deemools blesséiert gerett ginn.