Generalsekretär Mark Rutte: "Wann s du Fridde wëlls, preparéier dech op Krich"
Um NATO-Sommet zu Den Haag wëllen d‘Memberstaate sech verflichten, méi fir d‘Defense auszeginn: 5 Prozent vun hirer Wirtschaftsleeschtung bis 2035.
Fir dass d‘Ausgaben awer net kontraproduktiv d‘Präisser um Marché an d‘Luucht dreiwen, wëllen d‘Alliéiert selwer méi militärescht Material produzéieren. Dofir sinn zu Den Haag déi zwee Deeg net nëmme politesch Reuniounen, mä och eng Konferenz mat der Industrie. Déi huet den NATO-Generalsekretär Mark Rutte mat engem Spréchwuert aus dem antike Roum opgemaach:
"Wann s du Fridde wëlls, preparéier dech fir de Krich“. Maach deng Defense esou staark, dass keen sech traut z‘attackéieren."
De Mark Rutte fuerdert d‘Memberstaate fir eng grouss Shopping-Tour op. Hei geet et ëm Loftofwiersystemer, dausende Panzeren a Gefierer, Millioune Charge Munitioun a vill méi.
"Et ass einfach ondenkbar, dass Russland mat enger Ekonomie, déi 25 mol méi kleng ass ewéi déi vun der NATO eis bei der Produktioun an de Waffe klappt. Mir musse méi ausginn, fir de Krich ze verhënneren. Mir mussen dësen neien Oprëschtungskrich gewannen. Dëse Sommet dréint sech dorëm."
Dem NATO-Generalsekretär Mark Rutte no kënne just d‘Europäer zesumme mat Nordamerika dës Erausfuerderung meeschteren. Den US-President Donald Trump dierft hei awer just Däitschland, Frankräich a Co. drun erënneren, dass et senger Meenung no elo mol un hinnen ass, méi déif an d‘Täsch ze gräifen. Spuenien zum Beispill deet sech nach ëmmer schwéier, déi batter 5 Prozent vum PIB-Pëll ze schlécken. Mä d‘NATO ass kee Wonschconcert, betount de Mark Rutte.
Fir Lëtzebuerg sinn de Premier Luc Frieden, den Ausseminister Xavier Bettel an d‘Defenseministesch Yuriko Backes zu Den Haag. Ma kee vun hinne war en Dënschdeg disponibel fir en Interview. Anscheinend wär de Programm ze chargéiert.

© NATO
Universale Support fir d'Ukrain
D‘Ukrain krut iwwerdeems d‘bedéngungslos Hëllef zougeséchert. D‘EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen zum ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj: "Du bass hei ënner Frënn. Mir ënnerstëtzen dech och an der Zukunft."
En 18. Sanktiounspak géint Russland wär an der Maach. Mat zousätzlecher Hëllef vu Kanada kann d‘NATO der Ukrain dëst Joer bis elo scho 35 Milliarden Euro garantéieren. En dankbaren ukrainesche President: "Mir brauchen nach ëmmer Loftofwier. A mir kréien och dobäi Ënnerstëtzung vun eise Partner. Ech zielen op Kontinuitéit."
Häerzlech war en, den Empfang fir de Wolodymyr Selenskyj am World Forum. Den ukrainesche President hëlt net direkt um Sommet deel, hien huet sech awer ënner anerem am Kader vum Forum vun der Defense-Industrie un d‘Gäscht am Sall adresséiert:
"Mir all verstinn, datt d'Ursaach vun dësem Krich an déi laangfristeg Bedreeung fir déi europäesch Liewensweis Russland ass. Mee a Wierklechkeet si mir net nëmme mat Russland konfrontéiert. Mir si mat engem Netzwierk vu staatlechen an netstaatlechen Acteure konfrontéiert, déi der Saach vun der Aggressioun déngen. Dëst Netzwierk ëmfaasst Russland, Nordkorea, dat aktuellt Regime am Iran, chineesesch Firmen."
Och westlech Komponenten a Waffen, déi géint d‘Ukrain agesat ginn.
Dat wär e Crime géint de Fridden, esou de Selenskyj. Deen net just vun der EU-Kommissiounspresidentin Ursula Von der Leyen, ma och vum NATO-Generalsekretär Mark Rutte d‘Zouso krut, et géif een d‘Ukrain net fale loossen.
Den NATO-Generalsekretär Marc Rutte: "Wat mir am Moment gesinn, ass datt europäesch a kanadesch Partner elo hir Ënnerstëtzung fir d'Ukrain quasi erhéijen. Dëst Joer goufe schonn iwwer 35 Milliarden Euro versprach. Dat ass nach ier mir den 1. Juli an d'Hallschent vum Joer kommen. A lescht Joer waren et fir d'ganzt Joer e bësse méi wéi 50 Milliarden. Mir kënnen also dovun ausgoen, datt de Gesamtbetrag fir 2025 méi héich wäert sinn, wéi am Joer 2024. An dat weist Iech, datt d'Ënnerstëtzung fir d'Ukrain weidergeet."
An den Ae vun der EU-Kommissioun sollen awer net just d‘Waffe schwätzen. "Mir mussen de President Putin ënner Drock setzen, datt hien un de Verhandlungsdësch kënnt. Datt hien eescht u Verhandlunge fir e gerechten a laangfristege Fridden deelhëlt. Dofir ass den 18. Sanktiounspak een, dee wéideet. Ech weess, datt eis Frënn vum G-7 wäerten nozéien. Also all dat weist, datt Dir ënner Frënn sidd. Dir kënnt op eis zielen, mir stinn op Ärer Säit", sou d’Ursula Von der Leyen.