Wéinst finanzielle Kierzungen hunn d'UN hir Fligerflott fir den Transport vun Hëllefsgidder an Mataarbechter ëm bal e Véierel misse reduzéieren.

D'Flott wier zanter Januar ëm 17 Fliger méi kleng ginn, sot e Vertrieder vum Welternärungsprogramm, deen de Fluchdéngscht UN Humanitarian Air Service (UNHAS) organiséiert. Grond fir e "Finanzéierungsmanktem".

Esou huet d'Organisatioun fënnef vun am Ganzen 48 Ziler annuléiert, an déi si zejoert geflunn ass. Op anere Strecke gouf d'Heefegkeet vun de Flich reduzéiert. Betraff dovun ass ënnert anerem den Afghanistan, wou all fënneften Awunner Honger leit.

De Welternärungsprogramm huet zejoert 45 Prozent vu senge Sue vun den USA kritt. D'UN-Organisatioun ass dowéinst besonnesch haart vun de Sträichunge vun den Hëllefsgidder vun der US-Regierung ënnert dem Donald Trump betraff.

Iwwer 600 Hëllefsorganisatiounen an 21 Länner notzen d'Déngschter vum UNHAS. D'Fliger an d'Helikopter vun der UN-Flott brénge Mataarbechter an Hëllefsgidder an entleeën a schwéier erreechbar Gebidder.

D'Organisatioun "Médecins sans frontières" huet gewarnt, datt ouni UN-Flich eege Fliger gechartert misste ginn. Dat wier "immens deier" a géing Mëttel verbrauchen, déi bis ewell fir d'Behandlung vu Patienten agesat ginn.