Franséische Premier Bayrou annoncéiert Aspuerunge vun iwwer 40 Milliarden Euro

© THOMAS SAMSON / AFP
Frankräich wëll 2026 seng staatlech Depensen däitlech zeréckfueren.
Dat gouf däitlech, ewéi de franséische Premierminister François Bayrou en Dënschdeg déi graff Linne vum Budget fir dat nächst Joer presentéiert huet. Virgesinn ass deemno, dass Frankräich seng Depensen d'nächst Joer ëm 43,8 Milliarden Euro wëll reduzéieren. Doduerch soll den Defizit vum Zentralstaat op 4,6 Prozent vum Bruttoinlandprodukt erofgoen. Fir 2025 géing een nach mat engem Defizit vu 5,8 Prozent vum PIB rechnen.
Frankräich wier vun engem "Fluch vun der Iwwerverschëldung" betraff a géing virun engem "Moment vun der Wourecht" stoen, sou de Bayrou. D'Verschëldung vum Land géing pro Sekonn ëm 5.000 Euro klammen. 2026 wéilt een awer mat guddem Beispill virausgoen. Bis 2029 wéilt een de Staatsdefizit op ënner 3 Prozent vum PIB drécken an domat eng éischte Kéier zanter Joren nees d'EU-Richtlinne respektéieren.
Fir dëst Zil ze erreechen, solle mat Ausnam vun der Defense alleguer déi ëffentlech Depense begrenzt ginn. Iwwerdeems huet de franséische Regierungschef proposéiert, zwee Feierdeeg ze sträichen. Hien huet den Ouschterméindeg an den 8. Mee, op deem d'Fransousen d'Enn vum zweete Weltkrich feieren, virgeschloen.
Schonn am Virfeld vun der Presentatioun vun de graffe Linne vum Budget gouf et Kritik un den annoncéierten Aspuerunge bei den Depensen. Frankräich huet iwwerdeems seng Prognose vum Wirtschaftswuesstem fir dëst Joer vun 0,9 op 0,7 Prozent vum PIB missen no ënne korrigéieren.