Spuenesch Regierung wëll geheim Dokumenter aus der Franco-Diktatur fräiginn

© AFP/Archiv/Thomas COEX
Sollt d'Gesetz am Parlament ugeholl ginn, géife geheim Dokumenter aus der Zäit vun der Diktatur a Spuenien zougänglech ginn.
Ronn 50 Joer nom Doud vum spueneschen Diktator Francisco Franco huet d'Regierung zu Madrid ee Gesetzesentworf presentéiert, deen Asiicht a bis ewell als geheim agestuuft Dokumenter aus der Zäit vun der Diktatur géif erméiglechen. D'Kabinett hätt fir eng automatesch Fräigab vun allen Dokumenter gestëmmt, déi méi al wéi 45 Joer sinn, esou de spuenesche Justizminister Félix Bolaños no enger Sëtzung en Dënschdeg.
Dat neit Gesetz kéint déi spuenesch Gesetzgebung un "europäesch Standarden" upassen a "méi Transparenz" bei sensibelen Informatioune bidden, esou de Bolaños. Et géif een aalt Gesetz iwwer Geheimhaltung vun 1968 ersetzen. An der Vergaangenheet ware Versich, d'Gesetz ze reforméieren, ëmmer nees gescheitert.
Sollt dat neit Gesetz am Parlament ugeholl ginn, géif d'Geheimhaltung vun Archiven aus der Zäit virun 1980 opgehuewe ginn. Och Dokumenter aus den turbulente Jore wärend dem Iwwergang an eng Demokratie no dem Doud vum Diktator Franco wiere betraff.
Der Mënscherechtsorganisatioun Amnesty International no stoung dat alt Gesetz vun 1968 bis ewell dem Opschaffe vu Mënscherechtsverletzunge wärend der Diktatur am Wee. Dat neit Gesetz kéint "d'Geschicht veränneren", esou Amnesty.
De rietse Generol Francisco Franco hat de Spuenesche Biergerkrich tëscht 1936 an 1939, an deem Honnertdausende Leit gestuerwe sinn, fir sech entscheet. Hien huet d'Land bal 40 Joer laang als Diktator regéiert, bis zu sengem Doud den 20. November 1975.