Beim Ongléck am Juni 2023 koume fënnef Leit ëm d'Liewen, dorënner de Chef vun OceanGate an ee bekannte Mieresfuerscher.

Gutt zwee Joer nodeems een U-Boot vun der Firma OceanGate den déidleche Versuch gemaach huet, erof bei d'Wrack vun der Titanic ze tauchen, huet déi amerikanesch Garde-Côte hiren Ofschlossrapport virgeluecht. D'Firma wier wier haaptverantwortlech fir d'Ongléck vum Tauchboot "Titan", bei deem fënnef Leit ëm d'Liewe koumen, heescht et en Dënschdeg.

Beim Ongléck am Nordatlantik waren de franséische Mieresfuerscher Paul-Henri Nargeolet, den OceanGate-Chef Stockton Rush an dräi weider Passagéier ëm d'Liewe komm. D'Firma hat virun der Rees 250.000 Dollar fir eng Sëtzplaz u Bord verlaangt.

Wéi et am Rapport vu der Garde-Côte heescht, wier d'Haaptursaach vum Ongléck, datt OceanGate "Ingenieurprotokoller fir Sécherheet, Tester an Entretien" net agehalen hätt.

Den 18. Juni 2023 hat sech dat 6,5 Meter laangt U-Boot mam Numm "Titan" op de Wee erof bei d'Wrack vun der Titanic gemaach, déi 1912 mat engem Äisbierg kollidéiert an ënnergaange war. No net ganz zwou Stonnen ass de Kontakt zum Tauchboot "Titan" allerdéngs ofgebrach.

Véier Deeg laang gouf mat Fligeren, Schëffer an Tauchroboter gesicht, ier an 3.800 Meter Déift an der Géigend vum Titanic-Wrack och Wrackdeeler vum "Titan"-Tauchboot fonnt goufen. Der amerikanescher Garde-Côte no war d'U-Boot ënnert dem enorme Waasserdrock implodéiert. D'Firma OceanGate huet knapps zwou Wochen nom Ongléck de Betrib agestallt.