2006 war den Ilan Halimi entfouert an esou uerg gefoltert ginn, datt hien un de Suitte gestuerwen ass.

E Bam a Gedenken un en 2006 a Frankräich entfouerten an zu Doud gefolterte Judd ass vun Onbekannte muttwëlleg gehae ginn. De Bam wier "vum antisemitteschen Haass erfaasst ginn", sou de franséische Premier François Bayrou op X. Keng Strofdot kéint d'Erënnerung entwuerzelen.

D'Gemeng Épinay-sur-Seine bei Paräis, an där de Bam fir den Ilan Halimi stoung, huet juristesch Schrëtt an d'Weeër geleet. Der Chaîne France Info no soll esou séier wéi méiglech een neie Bam geplanzt ginn.