Täter, dee Polizist erschoss huet, ass réischt 18 Joer al

© afp Archiv
Zu Völklingen am Saarland, net wäit vun der Lëtzebuerger Grenz ewech, war de 34 Joer ale Polizist nom Iwwerfall vum presuméierten Täter erschoss ginn.
Politiker aus den Saarland, ma och aus ganz Däitschland hu sech e Freideg dann och schockéiert iwwert d'Gewaltdot geäussert. Nom Iwwerfall op eng Tankstell zu Völklingen en Donneschdeg den Owend, hunn zwee Polizisten de jonken Täter zu Fouss verfollegt, kuerz drop koum et dunn zu Handgräiflechkeeten tëscht de Beamten an dem Täter, fir dëse festzehuelen. Dobäi huet den 18 Järegen engem Beamten d'Déngschtwaff aus dem Halter gezunn an ugefaangen, op d'Police ze schéissen. Ee Polizist ass kuerz drop u sengen uerge Blessure gestuerwen, en zweete Beamte gouf kierperlech net blesséiert, sou e Spriecher.
Den Täter gouf bei Schosswiessel mat der Police och getraff a blesséiert. Nodeems dëse fortgelaf war, konnt hie schliisslech kuerz drop festgeholl ginn. De presuméierten Täter koum an d'Spidol, seng Blessure sollen offiziellen Informatiounen no net liewensgeféierlech sinn. De Mann soll am Regionalverband "Saarbrücken" liewen. E Freideg am fréien Nomëtteg wëllen d'Ermëttler op enger Pressekonferenz weider Detailer matdeelen.
Der "Bild"-Zeitung no soll den Täter beim Iwwerfall op d'Tankstell mat engem Messer arméiert gewiescht sinn. Hie soll maskéiert gewiescht sinn a soll beim Iwwerfall och konnte Geld mathuelen.