Am Afghanistan geet d'Sich no Iwwerliewende weider

© WAKIL KOHSAR / AFP
E Sonndeg ëm kuerz viru Mëtternuecht (Lokalzäit) huet een Äerdbiewe vu 6.0 op der Richterskala den Afghanistan getraff.
Am schlëmmste getraff ass d'Provënz Kunar un der Grenz zu Pakistan. Déi Iwwerliewend vum Äerdbiewen, dat Dierfer plattgemaach huet an an deem op d'mannst 900 Leit ëm d'Liewe koumen, hunn d'Nuecht ënner fräiem Himmel verbrénge mussen. Bis an d'Nuecht eran an och erëm fréi um Dënschdegmoien hu si weider probéiert, Iwwerliewender an den Iwwerreschter vun den einfachen Haiser aus Bulli a Steng ze fannen, déi traditionell an déi géi Däll gebaut ginn.
Déi Doudeg, dorënner och Kanner, sinn an Dicher agewéckelt ginn. Duerfbewunner bieden iwwert hire Läichen, ier se begruewe ginn. Helikoptere sinn iwwerdeems domat beschäftegt, déi Blesséiert a Klinicken ze fléien.
"D'Raim an d'Mauere sinn an de Koup gefall... E puer Kanner sinn ëmkomm, anerer goufe blesséiert", sot dat 22 Joer aalt Zafar Khan Gojar der AFP géigeniwwer. Si war mat hirem Brudder, dee sech ee Been gebrach huet, vun Nurgal op Jalalabad evakuéiert ginn.
Afghanistan ass eent vun den äermste Länner op der Welt. Zanter laangem gëtt et do eng humanitär Kris, verschäerft duerch Milliounen Afghanen, déi aus den Nopeschlänner Pakistan an Iran zeréckgeschéckt goufen.
Den Epizentrum vum Äerdbiewen louch eng 27 Kilometer vun der Stad Jalalabad fort, just eng 8 Kilometer ënnert der Äerduewerfläch.

© AFP/Jonathan WALTER, Jean-Michel CORNU
Ronn 800 Leit sinn eleng an der Regioun Kunar an der Géigend vum Epizenter gestuerwen an eng 2.500 goufen der do blesséiert, heescht et vum Taliban-Spriecher Zabihullah Mujahid.
"Vill Leit sinn ënnert den Iwwerreschter vun hiren Diech gefaangen", esou de Chef vum Katastropheschutz an der ëstlecher Provënz Kunar. Der AFP géigeniwwer huet hie confirméiert, datt d'Doudeszuele weider klamme kéinten.
Weider 12 Leit sinn an der Nangarhar-Provënz niewendrun ëmkomm, mat engen 255 Leit blesséiert. An der Laghman-Provënz goufen 58 Leit blesséiert.
E puer vun den Dierfer an der Provënz Kunar, déi am schwéierste getraff goufen, sinn duerch blockéiert Stroossen nach ëmmer vun der Aussewelt ofgeschnidden, sot d'UN-Migratiounsagence der AFP.
D'Vereenten Natioune soen, si géife mat den Autoritéite schaffen, fir "d'Bedürfnisser séier ze evaluéieren, Nouthëllef ze ginn a bereet ze stoen, weider Ënnerstëtzung ze mobiliséieren", esou den UN-Generalsekretär Antonio Guterres e Méindeg. Fir unzefänke goufen emol 5 Milliounen Dollar vum US-Noufallbudget fräigestallt, esou de Guterres weider.
Gläichzäiteg sinn d'Aide fir den Afghanistan an der leschter Zäit staark zeréckgefuer ginn, virop vun den USA. Bis Ufank 2025 waren d'USA de gréisste Spender vun Aide fir d'Land, ma wou den Donald Trump d'Rudder iwwerholl huet, goufen déi meeschten Aidë fir den Afghanistan gestrach. Am Juni hunn dunn och d'Vereenten Natiounen annoncéiert, hir global humanitär Hëllefspläng staark zeréckzeschrauwen, wéinst de "schrooste finanziellen Aschnëtt an der Geschicht".
Am Afghanistan ginn et dacks Äerdbiewen, virun allem an de Bierger vum Hindu Kush, wou déi eurasesch an déi indesch Tektonesch Placken unenee kommen. Am Oktober 2023 waren an der westlecher Provënz Herat iwwer 1.500 Leit an engem Äerdbiewen ëmkomm. Am Juni 2022 war et d'ëstlech Provënz Paktika. Zanterdeem d'Taliban nees d'Kontroll iwwer d'Land hunn, goufe vill international Hëllefen iwwerdeems gekierzt. Ronn 85 Prozent vun den Afghane liewe vu manner wéi engem Dollar den Dag, heescht et vun engem UN-Entwécklungsprogramm.