All véier Reaktere vum Atomkraaftwierk zu Cattenom nees a Betrib

© Photo by JEAN-CHRISTOPHE VERHAEGEN / AFP
No méi wéi dräi Méint Maintenance-Aarbechte lafen am Atomkraaftwierk zu Cattenom nees déi véier Reakteren.
D’Produktiounseenheet 3 vum Atomkraaftwierk zu Cattenom ass de Méindeg géint 21 Auer nees un dat nationaalt Stroumnetz ugeschloss ginn, dat no méi wéi dräi Méint vu Maintenance-Aarbechten. Bei der Revisioun, déi den 10. Mee ugefaangen hat, gouf en Deel vum Brennstoff ausgetosch an iwwer 14.000 Kontrollen duerchgefouert, sou steet et an engem Communiqué vum CGDIS.
Am Kader dovunner goufen och 35 technesch Upassunge gemaach, fir "d'Sécherheet vum Reakter weider ze stäerken". No Ofschloss vun dësen Aarbechte lafen elo erëm all véier Unitéiten zu Cattenom a liwwere Stroum un d'franséischt Netz.