E Surfer gouf bei Sydney attackéiert an huet net iwwerlieft

Bei enger Haiattack um Long Reef Beach bei Sydney ass e ronn 50 Joer ale Surfer ëm d'Liewe komm.
Hie gouf mat schwéiere Bësswonnen un den Äerm a Been vun anere Surfer aus dem Waasser gezunn, konnt awer net méi gerett ginn. D’Police geet dovun aus, dass e groussen Hai hannert dem Ugrëff stécht.
D’Autoritéiten hunn d’Stränn tëscht Manly a Narrabeen no dem Virfall zäitweileg gespaart. Helikopteren a Drone sichen no dem Raubfësch. D’Surfbriet vum Affer, dat a Stécker gerappt gouf, gëtt ënnersicht fir d’Hai-Aart z’identifizéieren – méiglech Kandidaten sinn Tigerhaien, Bullenhaien oder Wäiss Haien.
Trotz der grousser Medienopmierksamkeet bleiwe déidlech Haiattacken an Australien seelen. Dëst Joer goufen der bis elo dräi gezielt. Zu Sydney war déi lescht fatal Attack 2022 – déi éischt zanter bal 60 Joer.
Wëssenschaftler warne gläichzäiteg, dass d'klimabedéngt Erwiermung vum Mier dozou féiert, dass geféierlech Hai-Aarte wéi de Bullenhai ëmmer méi laang an der Géigend vu Sydney bleiwen. Eng Etüd vun der James Cook University weist, dass dës Raubfësch ëm 15 Deeg méi laang pro Summer virun der Küst bleiwe wéi nach viru 15 Joer.