Am Katar koum et en Donneschdeg zu Explosiounen no enger Loftattack vun Israel. Israeeleschen Aussoen no hätt den Ugrëff der Spëtzt vun den Hamas gegollt.

Déi israeelesch Arméi huet deemno no d'Féierungsspëtzt vun der Terrororganisatioun Hamas am Golfstaat viséiert. Et hätt sech ëm e geziilten Ugrëff gehandelt. Iwwert déi genee Plaz vun der Attack huet de Militär keng Informatioune ginn. Vun der Plaz heescht et, et wiere 6 Persounen ëm d'Liewe komm. Den héchste Leader vun den Hamas am Ausland Chalil al-Haja, deem d'Attack soll gegollt hunn, hätt awer iwwerlieft. Deem säi Jong an 3 Bodyguarde wieren dogéint ëmkomm.

De Katar selwer reagéiert net frou ob dës Attack, confirméiert se awer domat. Et wier e feigen Ugrëff op Wunnhaiser, an deenen e puer Membere vum politesche Büro vun der Hamas ënnerbruecht waren, esou den Ausseministère vum Katar.

De Golfstaat gehéiert zu de wichtegste Mediateuren am Krich vun Israel géint d'Hamas an der Gazasträif. Den US-President Trump soll Israel no gréng Luucht fir d'Attack ginn hunn. Dem Wäissen Haus no wier de Qatar och virun där Attack gewarnt ginn. Doha huet déi Informatioun awer dementéiert.

Wéi et vun Israel heescht, wier den Ugrëff eng direkt Äntwert op d'Attentat e Méindeg mat sechs Doudegen zu Ost-Jerusalem, dat d'Hamas fir sech beusprocht hat. De Ministerpresident Netanjahu hätt d'Arméi nach e Méindeg ugewisen, "sech fir d'Méiglechkeet vun enger Attack op Hamas-Leader ze preparéieren", heescht et an engem Schreiwes vum Netanjahu a sengem Verdeedegungsminister Katz. En Dënschdeg hätt sech d'Méiglechkeet dann erginn.

Groussbritannien, Frankräich an Däitschland hunn de Loftugrëff schaarf verurteelt. Dem Emmanuel Macron no wier dee Schlag net z'acceptéieren, egal wat d'Motiv wier. De Krich dierft sech an der Regioun net ausbreeden. De Keith Starmer gesäit de Risk, dass d'Situatioun an der kriddeleger Regioun weider eskaléiere kéint.