E Méindeg hunn zwee Palästinenser mat Schosswaffen op e puer Leit op engem Busarrêt zu Ost-Jerusalem geschoss a sechs Mënschen dobäi ëmbruecht.

Den israeelesche Rettungsdéngscht Magen David Adom huet e Méindeg de Mëtteg e Bilan zu der Attack op engem Busarrêt am Oste vu Jerusalem matgedeelt. Deemno wieren ënnert den Affer vun der Attack véier ultraorthodox Männer, eng Fra an e weidere Mann. Aacht weider Leit wiere blesséiert ginn, dovu fënnef schwéier.

Déi zwee Auteure vun der Attack wieren neutraliséiert ginn, huet et vun der israeelescher Police geheescht. D'Hamas hat iwwerdeem matgedeelt, dass et sech bei hinnen ëm militant Palästinenser handelt. D'Attack wier eng Reaktioun op dat israeelescht Virgoen an der Gazasträif.

Wéi et vun der Police heescht, hätten d'Täter op engem Busarrêt op enger Kräizung am annektéieren Ost-Jerusalem op d'Leit geschoss. "E Sécherheetsbeamten an een Zivilist op der Plaz hunn direkt reagéiert, hunn zréck geschoss an d'Ugräifer neutraliséiert", huet d'Police erkläert.

Den israeelesche Regierungschef Netanjahu huet zu enger Krisesëtzung opgeruff. Op der Plaz vum "Attentat" sot hien, säi Land wier "op e puer Fronten am Krich géint den Terrorismus". De President Isaach Herzog huet op X geschriwwen, datt "dëst schrecklecht Attentat eis dorun erënnert, datt mir géint dat absolutt Béist kämpfen".

Och international gouf d'Attack verurteelt. Den däitschen Ausseminister huet sech "zudéifst schockéiert iwwer dat feigt Terrorattentat" gewisen. De franséische President huet vun engem Enn vun der "Gewaltspiral" geschwat. "Nëmmen eng politesch Léisung erméiglecht de Retour zu Fridden a Stabilitéit an der Regioun", sou de Macron.