Feier op Schëff vu "Gaza-Hëllefsflott": Organisateure schwätze vu Dronenattack

No der Annonce vun der méiglecher Dronenattack si vill Tunesesch Leit am Hafe vu Sidi Bou Said op d'Strooss gaangen, fir sech fir d'Hëllefsorganisatioun anzesetzen. / © AFP/YASSINE MAHJOUB
Eegenen Aussoen no gouf e Schëff vun der Flott, déi Hëllefsgidder a Gaza brénge wëll, vun enger Dron attackéiert. D'Autoritéite gesinn dofir keng Beweiser.
Wéi et vun den Organisateure vun der Aktioun heescht, wier eent vun hire Schëffer vun enger Dron getraff gouf, dat net wäit ewech vun der tunesescher Küst. Déi zoustänneg Autoritéiten awer soen, datt si keng Dronen entdeckt hunn.
Zil vun der Flott ass et, fir déi israeelesch Blockad vun der Gazasträif ze duerchbriechen an de Leit Hëllefsgidder ze bréngen. Iwwert de Weekend waren d'Schëffer an Tunesien ukomm, wou si virun der Küst vun Sidi Bou Said geankert hunn.

"D'Global Sumud Flotilla (GSF) confirméiert, datt een vun hiren Haaptbooter vun eppes getraff gouf. Mir ginn dovunner aus, datt et eng Dron war", esou ee vun den Organisateuren an de soziale Medien. Senger Ausso no gouf awer kee Blesséiert. Weider hunn d'Organisateure Videomaterial vum Schëff verëffentlecht. Op dësem héiert een e Geräisch, dat enger Dron änelt, kuerz éiert een eng grell Luucht gesäit.
Wéi d'Feier ausgebrach war, louch d'Boot nach ëmmer an tuneesesche Gewässer. D'Feier konnt awer séier geläscht ginn, esou e Journalist vun AFP, dee kuerz nom Tëschefall op der Plaz war. Vun der tuneesescher Nationalgard heescht et, datt ee "keng Dron entdecke konnt".
D'Enquête, där no d'Feier an deem Beräich vum Schëff ausgebrach wier, wou d'Rettungsweste gelagert sinn, géif weider lafen. Bis ewell ginn d'Autoritéiten eben net vun enger Dronenattack aus. Genau esou gutt kéinten d'Flamen duerch eng Zigarett ausgeléist gi sinn, heescht et vun offizieller Säit.
D'Persounen u Bord si sech awer sécher, datt et eng Dron war. "Et war zu honnert Prozent eng Dron, déi eng Bomm erofgehäit huet", seet e Member vun der Crew, deen eegenen Aussoen no de Fluchkierper gesinn huet. D'israeelesch Arméi huet sech bis ewell net zum Virfall geäussert.
D'UN-Rapportrice Francesca Albanese huet op hirem X-Account d'Biller vun der Iwwerwaachungskamera gedeelt a geschriwwen "Trefft Är eege Conclusiounen".
D'Global Sumud Flotilla, wéi sech d'Flott offiziell nennt, beschreift sech selwer als onofhängege Grupp, dee kee Lien zu iergendenger Regierung oder enger Partei huet. Sumud heescht "Resilienz" op Arabesch.
Israel huet schonn zwee Versich vun den Aktiviste blockéiert, wéi dës wollten Hëllefsgidder a Gaza bréngen. Dat war am Juni a Juli de Fall. D'UNO huet jo eng Hongersnout fir Gaza ausgeruff a gewarnt, datt 500.000 Leit a "katastrophale" Konditioune liewen.
An engem Video, dat méi spéit vun den Organisateure selwer publizéiert gouf, ass ze gesinn, datt d'Schëff vun engem Objet vun uewe getraff gëtt. Um Videomaterial ass awer net kloer z'erkennen, ob eng Dron am Spill war oder net. Dëst géif awer d'Theorie vun den tuneeseschen Autoritéiten, datt eng Zigarett d'Feier ausgeléist kéint hunn, widderleeën.