De François Bayrou huet de Vertrauensvott am Parlament verluer

© AFP
De franséische Premier François Bayrou huet de Vertrauensvott an der Nationalversammlung e Méindeg net iwwerstanen.
364 vun 574 Parlamentarier hunn him hiert Vertrauen net ginn. De politesch zentrale Politiker hat d'Vertrauensfro iwwerraschend ugekënnegt, fir Ënnerstëtzung fir déi geplangten Aspuerunge vu ronn 44 Milliarden Euro am Staatsbudget ze gewannen. Dem Bayrou seng Minoritéitsregierung wollt doriwwer eraus zwee Feierdeeg annuléieren an d'sozial Hëllefen d'nächst Joer net no uewen upassen.
Déi franséisch Regierung bleift aktuell um Rudder bis, datt de President Macron en neie Premier ernennt. Dem Bayrou säi Virgänger, Barnier, war d'lescht Joer am Dezember no nëmmen dräi Méint vun der Oppositioun gestierzt ginn. Och hei goung et ëm Spuermesuren. Den Emmanuel Macron muss zanter sengem Amtsuntrëtt 2017 fir déi siwente Kéier also en neie Regierungschef sichen.
Den RN dréckt op Neiwalen. De franséische President Macron allerdéngs wénkt of. Et gëtt gefaart, datt de Regierungscamp, deen aus Mëtt-Riets Parteie besteet bei Neiwale schrumpfe kéint. Zugonschte vun de Lénks- a Rietspopulisten. Et besteet och e Risiko, datt et am Parlament zu enger Blockage-Situatioun kënnt. Den Ament huet keng Partei oder Gruppement d'Majoritéit an der Nationalversammlung. Als Nofollger fir de Bayrou sinn ënner anerem de konservative Justizminister Gerald Darmanin, ewéi de Verdeedegungsminister Sebastien Lecornu am Gespréich.
Mat engem Haushaltsdefizit vu rezent 5,8 Prozent ass Frankräich wäit vum europäesche Grenzwäert vun dräi Prozent ewech. De franséische Scholdebierg läit aktuell bei 113 Prozent vum PIB. Domat ass Frankräich no Griichenland an Italien dat Land an der Eurozon mat der héchster Scholdequot.