E fréieren Anästhesist soll a Frankräich 30 Patiente vergëft hunn, vun deenen zwielef gestuerwe sinn.

De Prozess géint den 53 Joer ale Frédéric Péchier hat e Méindeg zu Besançon ugefaangen. D'Ermëttler ginn dovun aus, datt hien d'Patiente vergëft hat, fir aneren Dokteren ze schueden. A verschidde Fäll hätt hie sech herno als Retter inzenéiert. D'Uklo weist d'Reprochen zréck.

"Ech hu staark Argumenter, ech ginn net widderwëlleg viru Geriicht", sot de Péchier kuerz virum Optakt vum Prozess eise Kolleege vum franséischen RTL. Hie géing d'Péng vun de Betraffene verstoen, mä hie wier "net responsabel", huet hie betount. Seng Affekote wëllen op onschëlleg plädéieren.

Den Ermëttler no soll de Péchier bewosst schiedlech Substanzen an d'Infusioune gemaach hunn, déi wärend der Operatioun en Häerzstëllstand ausléise sollten. Den Ugeklote stéing am Verdacht, "gesond Patiente vergëft ze hunn, fir Kolleegen a Schwieregkeeten ze bréngen, mat deenen hie Sträit hat", betount de Parquet.

De Péchier hätt sech an e puer Fäll bei der Reanimatioun vun de betraffene Patienten als Spezialist profiléiert. Warscheinlech hätt hien d'Gëftstoffer e puer mol geännert, fir kee Verdacht opkommen ze loossen.

Fir den Ufank vum Prozess soll et virop ëm méi rezent Fäll goen, déi zu der Uklo am Joer 2017 gefouert haten. Esou war bei enger 36 Joer aler Patientin, déi en Häerzstëllstand iwwerlieft hat, eng Dosis Kaliumchlorid an enger Infusioun fonnt ginn, déi ënner Ëmstänn déidlech ka sinn. D'Mëttel gëtt ënner anerem fir Hiriichtunge genotzt.

"Et si reng muttwëlleg Vergëftungen, hien hat mat de jeeweilegen Affer näischt ze dinn", sot den Affekot Frédéric Berna, deen eng 150 Leit an der Nieweklo vertrëtt.

Am Fall vun enger Verurteelung dreeën dem fréieren Anästhesist eng liewenslaang Prisongsstrof. Mat engem Urteel gëtt den 19. Dezember gerechent.