No der Attack op eng Léierin op der Beruffsschoul zu Essen gouf e Mandat d'arrêt géint de 17 Joer alen Täter ausgestallt.

De Schüler steet am Verdacht, déi 45 Joer ale Léierin e Freideg mat engem Messer schwéier blesséiert ze hunn, wéi d'Police an de Parquet e Méindeg matgedeelt hunn. D'Ermëttlungen zu den Hannergrënn vun der Dot lafen nach.

Deemno gouf de Mandat d'arrêt wéinst versichtem Doutschlag mat geféierlecher Kierperverletzung ausgestallt. De Jong wier e Sonndeg am Spidol iwwer säi Mandat d'arrêt informéiert ginn. Hie war bei der Festnam blesséiert ginn a koum an d'Spidol.

No der Attack op d'Léierin war de Verdächtege fir d'éischt geflücht. Déi schwéier blesséiert Léierin koum an e Spidol. Eréischt annerhallef Stonn no der Dot konnt den Täter eng zwee an en hallwe Kilometer méi wäit ewech festgeholl ginn. Bei der Festnam hat hie souguer e Messer gezunn, wéi et vun der Police heescht. D'Beamten hate hien "duerch den Asaz vun der Schosswaff" gestoppt.