Kee Publikum, vill Geld, waarm Wierder vun de Royals, dem Melania säin Hutt, an d'Thema Epstein op de Mauere vu Windsor Castle.

Den Donald Trump ass net beléift a Groussbritannien. Dowéinst war alles gemaach ginn, fir hie bei senger Staatsvisitt vun den "einfache" Leit ewech ze halen. Zu London haten trotzdeem dausende Leit géint den US-President protestéiert.

De Geescht vu Windsor
Zu Windsor war déi royal Zeremonie bannena gehale ginn, an den Defilé an der kinneklecher Kutsch mam Kinnek Charles a mat der Kinnigin Camilla goung net duerch d'Uertschaft. Och do waren et am Virfeld vum héije Besuch Protester. E Grupp Satiriker hat et fäerdeg bruecht, e Bild vum Jeffrey Epstein a vum Trump op en Tuerm vum Windsor Castle ze projezéieren. Den US-President gëtt de Geescht vum verurteelte Sexualverbriecher net lass. Den Epstein ass jo an England keng onbekannt Figur, well de Prënz Andrew – dem Kinnek säi Brudder – mat him a Verbindung bruecht gouf. Och de Premier Keir Starmer hat eréischt viru Kuerzem misse säin Ambassadeur vu Washington zeréckruffen, well och dee mam Epstein soll a Verbindung gestanen hunn.

RTL

© Yui Mok / POOL / AFP

Um grousse Staatsbanquet hat den Trump, dee grousse Fan vun der brittescher Monarchie ass, et sech net huele gelooss, dem Kinnek an deem senge Nooste seng Bewonnerung auszedrécken. De Kinnek Charles huet dem US-President säi perséinlecht Engagement fir de Fridde gewierdegt. Do war deem senger Fra Melania hiren Hutt scho rëm bal zur Niewesaach ginn. Kritiker hate gemengt, d'First Lady wier mat engem UFO a Groussbritannien komm. Oder mat engem Ausserierdeschen.

Grouss Investitiounen 
Den Dag drop huet den Trump sech mam Helikopter op Chequers fléie gelooss, eng 70 Kilometer vu London ewech, fir vum brittesche Premier Keir Starmer an deem sengem Landhaus empfaangen ze ginn. An do gouf Business gemaach. Dat kann den Donald Trump. D'USA wëllen 150 Milliarden englesch Pond investéieren, gréisstendeels a kënschtlech Intelligenz "made in Great Britain". London soll an deem Beräich europäesche Leader ginn a sech géint déi amerikanesch a chineesesch Produite behaapte kënnen.

RTL

© ANDREW CABALLERO-REYNOLDS / AFP

Donieft hunn déi zwee Leadere sech gemeinsam positionéiert an der Lutte géint de Leader vu Russland. Den Trump huet sech enttäuscht gesot vum Putin, ganz enttäuscht. Hie wier vun him hänke gelooss ginn. Europa dierft kee russeschen Ueleg méi kafen. De Starmer huet gemengt, de russesche President géif sech net verhale wéi een, deen de Fridde wéilt. Den Drock op Russland misst erhéicht ginn. Dora waren déi Zwee sech eens. An der Fro ëm e Palästinenserstaat net. Groussbritannien ass dofir. Amerika dogéint.

Dem Donald Trump seng zweet Staatsvisitt a Groussbritannien goung also mat engem klenge Bemol op en Enn. Mat der Air Force One goung et um Donneschden Nomëtten erëm zréck an d'States. Mat u Bord natierlech dem Melania säin UFO.

RTL

© Jordan Pettitt / POOL / AFP