Am Nordoste vu Spuenien ass e Sonndeg op d'mannst ee Mënsch ëm d'Liewe komm, dat no schroe Wiedere mat Staarkreen.

D'Läich war e Sonndeg zu Sant Pere de Riudebitlles net wäit vu Barcelona an engem Floss entdeckt ginn. Säi Won war vun de Waassermasse matgerappt ginn. 27 Persounen hu misse vun de Pompjeeë gerett ginn, nodeems si no engem Äerdrutsch an der Standseelbunn Sant Joan Funicular am Klouschter Montserrat festhoungen.

Wéi de spuenesche Wiederdéngscht mellt, waren an Deeler vu Katalounien bannent nëmmen 30 Minutten bis zu 40 Liter Reen de Quadratmeter gefall. Och de Bunn- a Fluchverkéier war betraff an et koum zu Dosende Retarden oder Annulatiounen. Sëllege Beem, déi ëmgefall waren, hunn d'Bunne blockéiert.

Dat schrot Wieder ass och iwwer Frankräich gezunn. Eng 10.000 Stéit waren do zäitweis ouni Stroum. Um Fluchhafe Marseille hu missen eng dose Flich ëmgeleet ginn an e Futtball-Match tëscht Marseille a Paris Saint-Germain gouf op e Méindeg verréckelt.

Et kënnt ewell méi dacks ëm dës Saison zu esou Situatiounen. Am Oktober lescht Joer gouf den Osten an de Süde vu Spuenien no staarkem Reen iwwerschwemmt. Besonnesch getraff hat et Valencia. 236 Mënsche koumen ëm d'Liewen. Et war déi schrooste Katastroph dëser Aart a Spuenien.