Dat lescht Joer sinn aacht Gletscher a Schweden verschwonnen

A Schweden sinn 2024 Experten no aacht Gletscher komplett geschmolt an domadder och fir ëmmer verschwonnen.
Dës Gletscher "wäerte sech an eise Liefzäiten net méi erhuelen a scho guer net, wann déi global Äerderhëtzung unhält," esou d'Cheffin vun der Tarfala-Fuerschungsstatioun am héije schwedeschen Norden Nina Kirchner géintiwwer der Noriichtenagence AFP. Weider 30 vun den fréier emol 277 Gletscher vum Land wiere menacéiert.
"Um Ufank vun dësem Joer, wéi mir eis Updatë fir 2024 gemaach hunn, konnte mir aacht Gletscher op de Satellittebiller net méi erëmfannen". Och nodeem et e puer Mol iwwerpréift gouf, hu si an hir Ekipp misste feststellen, datt "der aacht verschwonne sinn". Der Kirchner no ass et déi éischte Kéier, datt Gletscher a Schweden komplett geschmolt sinn. Op d'mannst zanter der Aféierung vun héichopléisende Satellittebiller viru ronn 25 Joer.
De gréisste vun den aacht verschwonnene Gletscher wier ongeféier esou grouss, wéi sechs Futtballfelder, esou d'Fuerscherin. "2024 war en extreem waarmt Joer. D'Hëtzt hat dëse Gletscher zerfriess an dofir gesuergt, datt e verschwënnt".