D'Show vum Jimmy Kimmel kënnt nees zeréck On Air

© Photo by FREDERIC J. BROWN / AFP
Bis viru Kuerzem huet de Moderator Jimmy Kimmel seng Late-Night-Show jo jorelaang erfollegräich um US-Sender ABC ausgestrahlt.
Wéi hien sech zum Mord um Aktivist Charlie Kirk geäussert huet, gouf d’Sendung direkt ofgesat. Elo, nëmmen e puer Deeg méi spéit, kann hie sech schonn nees iwwert säi Comeback freeën.
D’Show vum bekannte US-Moderator geet en Dënschdeg schonn nees op Sendung, wéi de "Disney" matgedeelt huet, deem ABC als Duechtergesellschaft gehéiert. De Kimmel hat der US-Regierung vum President Donald Trump virgeworf, den Doud vum Aktivist Charlie Kirk politesch auszenotzen. No enger Menace vun der Trump-noer Mediekontroll-Agence mat engem Entzuch vun der Lizens fir ABC, hat de Sender d’Show viru véier Deeg gestoppt.
Dës Paus hätt dozou gedéngt, "eng ugespaante Situatioun" net weider unzespanen, sou Disney weider. Den Donald Trump hat d'Ofsetzung vun der Show jo begréisst, well den Jimmy Kimmel ëmmer nees d'Trump-Regierung kritiséiert.