Klimaziler wäerten net agehale ginn

© Antoine Boureau / Hans Lucas / Hans Lucas via AFP
Pläng a Realitéit beim Erreeche vun den Ziler vum Paräisser Klimaofkommes leie wäit auserneen. D'Fërdere vu fossille Brennstoffer hëlt souguer nach zou.
Virun 10 Joer hat d'Staategemeinschaft am Paräisser Klimaofkommes eng Begrenzung vun der Äerderwiermung op maximal 1,5 Grad Celsius beschloss. Enger neier Etüd no wäert dat Zil awer wéinst dem Asaz vu Kuel, Ueleg a Gas net méiglech sinn. Vill Staate wëlle souguer nach méi op fossil Energië setzen. Um schwedeschen Ëmweltinstitut SEI ass déi Ënnersichung vu méi wéi 50 internationale Fuerscher zesummegefaasst ginn.
D'Produktioun vun de Brennstoffer, déi bis 2030 virgesinn ass, läit awer ëm 120 Prozent iwwer deem wat néideg wier, fir d'Zil vun 1,5°C z'erreechen. Souguer d'Limitt vun 2°C géif mat den aktuelle Pläng ëm 77% iwwertraff ginn, huet den SEI erkläert. Zanter 2023 hätt sech déi Differenz nach vergréissert.
Virun der nächster UN-Klimakonferenz, déi den 10. November am brasilianesche Belém ufänke wäert, mussen d'Staaten hir nei iwwerschaffte Klimaziler zur Ëmsetzung vum Paräisser Ofkommes eraginn. Dem CEI no misst doran déi weider Expansioun bei der globaler Produktioun vu fossillen Energiequellen ëmgedréint, respektiv limitéiert ginn. Soss misst se spéider nach méi drastesch reglementéiert ginn.
Vun den 20 gréisste Produzente vu Kuelen, Ueleg a Gas wëlle laut Etüd 17 Länner, dorënner d'USA, Saudi-Arabien a Russland, hir Produktioun bis 2030 nach steigeren. 11 vun hinne plangen deemno bei op d'mannst enger Zort eng méi héich Produktioun bis 2030 wéi nach 2023.
Parallel zum generellen Debat an der UN-Vollversammlung ass dës Woch zu New York och d'Climate Week, bei där Politiker a Vertrieder vun Entreprisen a vun der Zivilgesellschaft iwwert de Kampf géint de Klimawandel beroden.