13 positiv Tester, 6 Fürerschäiner agezunn

© Lucien Koneczny
Tëscht e Freideg an e Sonndegowend sinn op Uerder vum Parquet 5 Alkoholkontrollen duerchgefouert ginn. 745 Automobiliste goufen dobäi kontrolléiert.
E Sonndeg waren am fréien Owend op der Haaptstrooss zu Biebereg, grad esou wéi am Zentrum vu Sëll, op Uerder vum Parquet Alkoholkontrolle vun der Police. Dobäi si 674 Chauffere getest ginn, a bei eelef war d'Resultat positiv. Si goufe protokolléiert, véier Permise goufen direkt op der Plaz agezunn.
Schonn e Freidegowend an an der Nuecht op e Samschdeg hat d'Police Alkoholkontrollen duerchgefouert. Zu Hesper an der Gaasperecher Strooss, an der Stad um Boulevard Pierre Dupong an an der Rue de Beggen waren am Ganzen 171 Automobiliste kontrolléiert ginn. An zwee Fäll war den Test positiv an de jeeweilege Fürerschäi war op der Plaz fort.