Wochen nodeems virun enger Rei Moscheeën zu a ronderëm Paräis Schwéngskäpp fonnt goufen, sinn an deem Kontext elo 11 Männer a Serbien festgeholl ginn.

Dat deelt d'Police vu Belgrad e Méindeg mat. Hinne gëtt reprochéiert, sech a Frankräich an Däitschland un Aktiounen, déi Haass incitéiere sollen, bedeelegt ze hunn.

De Chef vun der Band gëtt nach gesicht. De Grupp soll iwwerdeems "op Uweisung vun engem auslännesche Geheimdéngscht" gehandelt hunn, esou d'Police weider, déi awer net preziséiert, ëm wéi ee Land et sech dobäi handele soll.

D'Entdeckung vun de Schwéngskäpp virun de Moscheeën hat vill rose Reaktiounen ausgeléist. De franséischen Inneminister Bruno Retailleau hat vun enger "onerträglecher Provokatioun" geschwat. De franséische Parquet ermëttelt den Ament an néng Fäll, déi als Destabiliséierungsversich ugesi ginn an Observateuren no vu Russland kéinten incitéiert gi sinn.

Nieft de Schwéngskäpp geet et dobäi och ëm Schmierereien un enger Rei jiddeschen Institutioune wéi zwou Synagogen, enger Holocaust-Gedenkplaz an engem koschere Restaurant. Och an deem Zesummenhang waren am Juni zwee Serbe festgeholl ginn, déi mat den Dote beoptraagt goufen an och Sue versprach kruten.