Léierpersonal aus Cycle 1 gouf op nationalen Informatiounsdag invitéiert
Well de Projet vun der franséischer Alphabetisatioun d'nächst Joer am ganze Land soll ulafen, gouf et en Dënschdeg eng national Informatiounsversammlung.
Nodeems de Pilotprojet 2022 lancéiert gouf, gëtt et vun der Rentrée 2026 un de Choix tëschent der däitscher an der franséischer Alphabetiséierung. Bei engem nationalen Informatiounsdag fir d'Léierpersonal aus dem Cycle 1 kruten déi concernéiert Enseignanten weider Informatiounen.
Bis elo gouf de Projet ALPHA a véier verschiddene Schoulen getest, dat zu Déifferdeng, Diddeleng, Schëffleng an an der Fiels. Nächst Schouljoer gëtt et da fir d'Léierpersonal aus dem Cycle 1 eescht: Uechter d'ganzt Land sollen am Cycle 1.2 d'Kanner an déi richteg Alphabetisatioun orientéiert ginn.
Kritik krut de Projet bis elo schonn e puer Mol ze héieren. Den Educatiounsminister Claude Meisch weist sech awer positiv: "Mir hunn awer ganz vill Mënsche matgeholl. Mir hu viru bal 10 Joer ugefaangen déi éischt Experienzen ze maachen an der Alphabetiséierung op Franséisch an den internationalen ëffentleche Schoulen. 2022 hu mer du mat de Pilotschoulen ugefaangen. Mir hunn dat wëssenschaftlech begleet, och wëssenschaftlech evaluéiert. An ech denken, datt mer ganz vill Mënschen och doduerch iwwerzeegt hunn, well mer schrëttweis virgaange sinn a well mer och gekuckt hunn, klappt dat doten an der Praxis? Ah jo, d'Konklusioun war, dat kann an der Praxis klappen."


















Den neie Projet rifft awer och zum Deel Onsécherheet a Skepsis beim Léierpersonal ervir, déi elo nach net sou genee wëssen, wéi si verschidde Kanner sollen orientéieren, wéi eng betraffe Persoun erkläert: "Entretemps si mer denken ech scho relativ gutt virbereet duerch Formatiounen a Versammlungen, fir elo mat de Famillen zesumme bei der nächster Rentrée doran ze goen."
D'Angscht schéngt bei verschiddenen Enseignanten, dass hir Orientatioun vun den Elteren kéint ignoréiert ginn: "Ech géif et éischter als Erausfuerderung gesinn, fir d'Elteren op déi Schinn matzekréien, wou mir elo proposéieren, datt hir Kanner sollen higoen, fir d'Alphabetisatioun matzemaachen, sief et op Däitsch oder op Franséisch, vue datt d'Elteren nämlech d'Schlusswuert bei deem Ganzen hunn."
Wann een d'Rentrée vun 2022/2023 kuckt, goufen et dem Ministere no 68 Prozent vun de Schüler bei deene Lëtzebuergesch net déi éischt Sprooch Doheem ass.
De Projet ALPHA sollt deenen hëllefen, déi méi mam Franséischen am Kontakt sinn. Eng Alphabetisatioun op Franséisch wier immens wichteg, esou den Direkter vum Centre de logopédie, Marc Schmit: "Et ass ëmmer méi liicht an enger Sprooch alphabetiséiert ze ginn, an där ee gutt lautsproochlech Kompetenzen huet. Dat ass kloer, well et en duebelen Defi ass. Et muss ee liesen a schreiwe léieren, a puncto den Decodage, de Codage an esou weider hikréie vun der Sprooch, mee awer och et muss een d'Sprooch u sech léieren. Ouni Kenntnisser vun der Sprooch ze ginn, ze hunn, kann een net gutt alphabetiséiert ginn an där Sprooch."
D'Spillschoul, wéi ee se virdrunner kannt huet, wier amgaangen ze verschwannen, bedauere verschiddener vum Léierpersonal: "Et ass haut einfach, de Pensum ass enorm, vun neie Projeten an deene leschte Joren. An et ass dat, wat engem vläicht och e bëssen Angscht mécht, datt een, datt ee fäert, datt een ëmmer méi wäit och vun där Spillschoul ewechkënnt, wou ee kreativ konnt sinn."
Nächst Schouljoer fänkt d'Léierpersonal aus dem Cycle 1 mat der Orientatioun fir de Projet ALPHA un. Dat Joer drop gëtt et dann am ganzen Land am Cycle 2 eng däitsch oder eng franséisch Alphabetisatioun fir d'Kanner.
Dir hutt d'Wuert: Dir kënnt um 8 Auer all är konkret Froen zum Projet ALPHA un den Educatiounsminister Claude Meisch stellen. Hien ass live bei eis am Studio a stellt sech äre Remarken a Froe. Rufft eis un op 13 30 oder schreift eis nach via de Formulaire op rtl.lu.