UN-Sécherheetsrot huet Gaza-Friddensplang vum US-President Trump ugeholl
© AFP/ANGELA WEISS
Vun den insgesamt 15 Membere vum Sécherheetsconseil hu sech 13 fir de Plang ausgeschwat. Russland a China hu sech enthalen.
De Plang gesäit jo ënnert anerem vir, datt en internationale Militärasaz, d'Wafferou tëscht Israel an der Hamas iwwerwaache soll. Och soll eng Iwwergangsverwaltung fir d'Palästinensergebitt en place gesat ginn. Och d'Méiglechkeet ob en zukünftege Palästinenserstaat ass am Entworf enthalen.
Nieft den USA haten ënner anerem och weider Länner wéi de Katar an Ägypten d'Propos zur Resolutioun abruecht. Den US-President Trump sot, d'Resolutioun wäert zu "weiderem Fridden op der ganzer Welt" féieren. Den US-amerikaneschen UN-Ambassadeur Mike Waltz sot nom Vott, d'Resolutioun wier e weidere wichtege Schratt, deen der Gazasträif zu Wuelstand verhëllefen an en Ëmfeld schafe wäert, an deem Israel a Sécherheet liewe kéint.
E weidere Punkt am Plang gesäit d'Schafung vun engem Friddensrot vir, deem seng President theoretesch den Donald Trump bis 2027 iwwerhuele sollt. Och wier virgesinn, datt d'Hamas vun all Regierungsroll an der Gazasträif ausgeschloss. D'Palästinenserorganisatioun selwer huet kritiséiert, datt d'Resolutioun net de "politeschen an humanitäre Fuerderungen a Rechter" vun de Palästinenser gerecht gëtt. Vu Russland war et iwwerdeems d'Kritik, datt de Plang net wäit genuch géif goen, fir d'Schafung vun engem palästinensesche Staat ze garantéieren.