Um zweeten Dag vum Shutdown an den USA huet den US-President elo den Drock op d'Oppositioun erhéicht.

En Donneschdeg huet den US-President op sengem Truth-Social-Account geschriwwen, datt hie mat sengem Direkter fir budgetär Froe Russel Vought géif iwwer méiglech Kierzunge bei den "Demokraten-Autoritéiten" beroden, "vun deenen déi meescht e politesche Bedruch sinn". Dobäi géif hie festleeën, ob dës Kierzungen "virleefeg oder dauerhaft wäerte sinn".

D'Spriecherin vum Wäissen Haus Karoline Leavitt sot, et géif ëm "dausenden" Aarbechtsplaze an der Verwaltung vun den USA goen. Detailer huet si awer keng genannt.

"Ech kann net gleewen, datt déi radikal lénk Demokraten mir dës Geleeënheet, déi hires Gläiche sicht, ginn hunn", esou den Trump op Truth Social weider. D'Demokraten haten de Republikaner hir Zoustëmmung fir en Iwwergangsbudget net ginn, well den Donald Trump sech géint supplementär Mëttel fir d'Gesondheetsversuergung vu finanziell schlecht gestallte Bierger stellt. Dowéinst war de Shutdown e Mëttwoch a Kraaft getrueden.

Wéinst dësem Shutdown, bei deem der US-Regierung kee Budget méi zu Verfügung steet, gi Schätzungen no 750.000 Mataarbechter vun den US-Autoritéiten an den Zwangscongé geschéckt. Den Trump hëlt dëst elo als Grond, fir de Budget bei verschiddene Verwaltungen oder Projeten, déi hien a seng MAGA-Beweegung fir "lénks" halen, weider ze kierzen. Betraff wieren hei zum Beispill d'Ëmwelt an de Klimaschutz, d'Bildung, d'Kultur oder Programmer fir d'Gläichstellung.

Schonn e Mëttwoch hat d'US-Regierung annoncéiert, datt iwwer 200 Projeten am Beräich vun nohalteger Energie géifen agestallt ginn. Betraff vun de Kierzungen, déi sech op ronn 7,6 Milliarden Dollar belafen, si just Bundesstaate wéi New York oder Kalifornien, déi vun den Demokrate regéiert ginn.

Dem Trump säi Budgetsdirekter Vought hat dës Projeten als "Schwindel" vun der "lénker Klima-Agenda" bezeechent. De Vought ass an der Regierung zoustänneg fir d'Verwaltung an de Budget. Den 49 Joer ale Republikaner huet beim Ausschaffe vum "Projet 2025" eng Schlësselroll gespillt. Dëse gëllt jo als Virlag fir dem Trump seng däitlech riets ugehauchten Agenda.

Schonn a senger Ried virun der UNO hat den US-President selwer de Klimaschutz als "weltwäit gréisste Bedruch vun allen Zäiten" bezeechent.