Israeelesch Marinn stoppt op d'mannst 13 Schëffer vu Gaza-Hëllefsflott

© AFP/Eleftherios ELIS
Déi israeelesch Marinn huet am Mëttelmier déi privat Flott vu Schëffer, déi mat Hëllefsgidder um Wee an d’Gazasträif waren, gestoppt.
Dat hu souwuel d’Organisateure selwer, wéi och dat israeelescht Militär confirméiert. Eng 40 Motor- a Seegelbooter hate sech ënnert dem Numm "Global Sumud Flotilla" zesummegedoen, fir Hëllefsgidder an d’Enklav ze féieren. Op d’mannst 13 Stéck goufen elo ofgefaangen. D’Booter wieren e Mëttwochowend an an der Nuecht op en Donneschdeg mat de Passagéier an en israeeleschen Hafe geleet ginn, heescht et vum israeeleschen Ausseministère. Ënner anerem och d'Aktivistin Greta Thunberg war un engem vun de Schëffer u Bord. D'Organisateure vun der Flott hunn um Kuerznoriichtendéngscht X vu "Piraterie" an "Entféierung" geschwat an drop higewisen, datt ee géint keng Gesetzer verstouss hätt.
D'Tierkei schwätzt vun engem terroristeschen Akt a verurteelt dat israeelescht Virgoe schaarf. De franséischen Ausseministère appelléiert un Israel, d’Sécherheet vun de Passagéier ze garantéieren an hiert Recht op konsularesche Schutz anzehalen. Zu Berlin an zu Roum koum et e Mëttwochowend schonn zu Protester. Fir d’Mëttesstonn gëtt och hei zu Lëtzebuerg zu enger Maniff virum Ausseministère opgeruff.