Eng 50 Manifestanten hu sech an der Mëttesstonn op Initiativ vun der Beweegung "Global Movement to Gaza" virum Ausseministère versammelt.

Dat nodeems déi israeelesch Marinn um Mëttelmier e puer vun de Schëffer gestoppt huet, déi um Wee an d’Gazasträif ware fir Hëllefsgidder ze bréngen. Och d’Boot, op deem eng Aktivistin aus Lëtzebuerg drop ass, gouf gestoppt. Zanter de fréie Moiesstonne feelt vun der Nora Fellens Huberty all Spuer. Global Movement to Gaza geet dovunner aus, datt si illegal vun den israeeleschen Autoritéite matgeholl ginn ass a schwätzt vu "kidnapping".

Et wier ee besuergt iwwer d’Situatioun an et géing ee vun den israeeleschen Autoritéite fuerderen, dass dat internationaalt Recht sollt respektéiert ginn, sot den Ausseminister Xavier Bettel en Donneschdeg de Mëtten op RTL-Nofro. Och den Ausseministère hätt keng weider Informatiounen a wéist just, dass d’Schëff vun den israeeleschen Autoritéite gestoppt gi wier. En direkte Kontakt zu der Aktivistin hätt een awer net, mee wa si géing Hëllef brauchen, géing een hir zur Säit stoen. De Xavier Bettel huet awer och betount, dass een am Virfeld gewarnt hätt, dass d’Aktioun mat engem Risk verbonne wier.

"Ech weess jo net genau, wou dat Schëff war. Ech kann Iech lo am beschte Wëllen net soen, ob et elo an internationale Gewässer war, ob et an israeelesche Gewässer war, wat d'Kompetenz war. Ech kann och déi israeelesch Gesetzgeebung net, ob se kënne d'Schëff festhalen oder net, wéini een do géif géint d'Gesetz verstoussen. Dat sinn alles Saachen, wou een am Moment net weess. Dat kritt ee réischt normalerweis duerno matgedeelt, wou se da gewiescht wären, wéi se behandelt gi sinn. Dat Eenzeg, wat ass: Ech hoffen, dass d'Gesetzgeebung agehale gëtt an dass déi Madamm och esou séier wéi méiglech nees hir Fräiheet erëmfënnt. Mä mir hate se gewarnt, dass et net ouni Risiko wier. An hei, dass dat geschitt, wat mer gefaart hunn."

Global Movement to Gaza fuerdert eng méi ferm Reaktioun vum Ausseministère. Den Owend um 18.30 Auer kommen d’Manifestanten nach eng Kéier virum Ausseministère zesummen.