Ënnerkillt an ageklemmt: Fra vun 80 Joer no véier Deeg an der Natur gerett ginn

© Photo by JOHN WESSELS / AFP
Secouristen an Däitschland konnten e Mëttwoch eng 80 Joer al Fra retten, déi véier Deeg eleng an der Natur war an ënnert engem Bam ageklemmt gouf.
No véier Nuechten ouni Hëllef an der fräier Natur hu Secouristen an Nordrhein-Westfalen eng 80 Joer al Fra, déi vermësst gouf, erëmfonnt. Si gouf de Mëttwoch liewensgeféierlech ënnerkillt an e Spidol bruecht, wéi d'Police vun Höxter en Donneschdeg matgedeelt huet.
Liewensgefor géif mëttlerweil awer net méi bestoen.
Familljememberen haten d'Seniorin aus Bad Driburg en Dënschdeg als vermësst gemellt, nodeems si Deeg laang kee Kontakt méi zu hir haten. Well et den Indicen no geheescht huet, datt d'Fra gären an der Natur ënnerwee wier, hunn d'Secouriste geziilt Plazen an der Regioun ofgesicht.
Der Fra hiren Auto gouf du bei engem Fernsee-Tuerm an der Géigend vu Willebadessen fonnt. Wéinst der Däischtert ass d'Sich awer an deem schwéier-zougängleche Gebitt fir d'éischt ënnerbrach ginn.
De Mëttwochmoie konnt den Asaz du weidergefouert ginn. Aus engem Policehelikopter eraus konnt d'Fra schlussendlech lokaliséiert ginn.
Der Police no war si ënner engem Bam, deen ëmgefall war, ageklemmt a konnt sech net méi selwer befreien. Eventuell war si souguer schonn zanter Samschdeg an dëser Positioun, wéi et weider vun der Police heescht.
D'Fra gouf mat der Hëllef vu Motorseeë befreit an dunn an d'Klinik bruet.