Transaktioune gi just bis zu engem gewëssenen Niveau kontrolléiert, well de Client um Enn iwwert säi Geld decidéiert, seet de Member vum EZB-Opsiichtsrot.

De Superviseur vu Frankfurt huet eenzel Fäll vun individuelle Banken net kommentéiert, ewéi dee vun der BGL BNP Paribas an der Caritas-Fraude. Hien huet awer erkläert, wéi d’Kontroll oder Enquêtë generell funktionéieren.

"Fir datt et eng Sanktioune gëtt, misst eng Bank fir unzefänken systematesch Schwaachpunkte beim Vergi vu Kreditlinnen hunn", esou de Patrick Montagner. D’EZB géing net "Linn fir Linn"-Kreditter kucken, mee de System ënnert Lupp huelen: "C’est bien de regarder le système tel qu’il fonctionne, de vérifier que quand un client ne peut pas rembourser, la banque l’a vu, qu’elle a bien provisionné, c’est à dire mis de l’agent de côté pour couvrir la perte potentielle à venir et voilà".
 
De Patrick Montagner rappelléiert, datt Risiken huelen ëmmerhin och en Deel vum Beruff vum Banquier wier. Well soss géingen d’Banke just deene Leit Sue léinen, déi ëmmer sécher kënnen zeréckbezuelen.
 
Eng "komplizéiert Interaktioun" tëscht Bank a Client

D’Fraude géint Konsumenten, dat fält ënnert d’national Kontroll. De Blanchiment och. De Patrick Montagner huet awer drop higewisen, datt et op deem Niveau ganz geschwënn och eng europäesch Autoritéit wäert ginn, fir déi national Opsiichten ze koordinéieren. Hie sot och, d’europäesch Zentralbank géing hirersäits elo schonn d’Resistenz vun den informatesche Systemer vun de Banke géint Cyberattacken – "extern Intrusiounen" - kucken, respektiv hir Mesurë géint "intern Feeler".
 
D’Banke selwer géinge kucken ob se "den operationelle Risiko am Grëff hunn", dee Clienten ënnert anerem bei Transaktiounen huelen, déi "litigeux" kéinte sinn, also zu engem "Sträitfall" kéinte féieren. "Donc les banques essayent effectivement aussi de regarder, toujours, qu’il n’y a pas de fraude qui affecte les clients, jusqu’à un certain point, puisque par définition les clients ont le droit de disposer de leur patrimoine", esou de Patrick Montagner.
 
Bei "bizaren" Transaktiounen oder Transaktiounen, déi net de Gewunnechten entspriechen, géingen d’Banke Froe stellen. Wann de Client seng Transaktioun dann awer trotzdeem mécht, da wier dat ënner senger eegener Verantwortung.
 
"L’éternelle course entre le policier et les voleurs"

Datt d’Cyberkriminalitéit ëmmer méi raffinéiert wier, féiert de Patrick Montagner iwweregens dorobber zeréck, datt d’Banke sech ëmmer méi géinge protegéieren. D’Gauner géingen dowéinst elo ëmmer méi d’Fournisseure vun de Banke viséieren oder d’Clientë selwer. Wat ee beim Presidententrick jo gutt géing gesinn, wou duerch divers Methoden Donnéeë geklaut gi fir Zougrëff op d’Konten ze kréien, oder d’Clienten ënner Drock gesat ginn.

Dowéinst géingen d’Banken och permanent hir Clientë versichen, z’eduquéieren an op Geforen opmierksam ze maachen. De Patrick Montagner huet op "la très belle page" vun der Lëtzebuerger Finanzopsiicht CSSF higewisen, wou iwwert all Zorte Frauden informéiert gëtt.
 
A sengen Ae géing d’Digitaliséierung och net vun de Banken oder vun der Politik imposéiert ginn, mee déi nei Technologië wieren einfach, esoubal se do wieren, Deel vum Alldag vun de Leit. Antëscht zanter schonn enger Rei Joren. Genee ewéi d’Bankenassociatioun ABBL oder d’Police eis dëse Summer scho puer Mol soten, sot hien: "Et muss ee sech ëmmer Zäit huelen". De Client kéint ëmmer den Telefon anhänken a méi spéit iwwerpréiwen, ob tatsächlech d’Bank ugeruff huet.
 
Keng Subprimes a Siicht
 
No der Finanzkris vun 2008 goufen d’Banken an d’Finanzmäert méi streng reguléiert, elo wëll d’europäesch Unioun nees "dereguléieren", notamment a Punkto securities oder titrisation (d’Transformatioun vu Kreditter oder Scholden a Finanzprodukter, déi kënnen op de Finanzmäert gehandelt ginn, NvdR). Déi Technik wier dem Patrick Montagner no net per se eng Gefor, just wa se schlecht iwwerpréift géing ginn. A sengen Ae wéilt d’EU och net d’Sécherheetsmesuren oder d’Bankreegele manner sécher maachen.
 
Hien huet erkläert, datt et d’Iddi wier, d’Saachen ze simplifiéiere mat manner Prozedure fir Gréng Luucht ze ginn, mee op der anerer Säit méi Transparenz: "La Banque Centrale Européenne a récemment expliqué aux banques qu’elle était prête à simplifier son processus d’approbation de ces structures de titrisation, c’est-à-dire de transferts hors du bilan des crédits qu’elles ont accordés, à condition que ce soient des transactions simples dans leur principe et leur construction". An deem Fall hätten d’Banken d’Autorisatioun à priori, an d’Investisseure kéinten déi Risiken am Kader vu kloren an einfache Reegelen huelen.
 
Produiten, ewéi d’Subprimes, déi d’grouss Finanzkris vun 2008 ausgeléist haten, géing ee fir den Ament net gesinn. D’Iddi fir wéi an den USA méi op privat Kreditter ze setzen, déi onofhängeg vun de Banke sinn, wier méiglech, mee et misst ee gutt berode sinn iwwert d’Risiken, déi et dobäi ginn. D’Finanzopsiichte wieren net méi dofir responsabel.
 
Déi nächst Kris?
 
Am meeschte besuergt schéngt de Patrick Montagner vun der méi grousser geopolitescher Instabilitéit ze sinn. Esou ewéi d’Covid-Pandemie gewisen huet, kéint déi reell Ekonomie séier ënnerbrach ginn. Donieft stellt hie fest, datt et ëmmer méi heefeg a méi staark Ëmweltkatastrophe ginn. D’EZB huet d’Banke gefrot, fir dee Risiko z’evaluéieren. Da gesäit hien och eng Ekonomie, déi sech ganz verännert, net just wéinst der Digitaliséierung an der kënschtlecher Intelligenz, mee wéinst deenen zwee Punkte vu virdrun: d’Geopolitik an d’Ëmwelt.
 
D’EZB géing d’Banke bei deem Wandel begleeden an d’Risike probéieren anzeschätzen. D’europäesch Zentralbank kéint net garantéieren, datt et keng Krise gëtt, déi ëmmer vu Baussent dem Bankesecteur kéinte kommen. "Ce que nous essayons de garantir, c 'est que le secteur bancaire peut y résister, qu’il a mis suffisamment d’argent de côté pour pouvoir absorber des pertes", esou de Patrick Montagner, deen op d’Stresstester higewisen huet, déi gemaach ginn.
 
Mee eng honnertprozenteg Sécherheet gëtt et ni.