Dräi Persoune stierwe bei Messerattack viru Synagog zu Manchester

© Paul Currie / AFP
Virun enger Synagog zu Manchester ass en Ugräifer mat sengem Auto an e Grupp Leit gerannt an huet dono op si agestach. Dräi Persoune si gestuerwen.
De presuméierten Täter ass vun der Police erschoss ginn, heescht et vun der Plaz. Säin Doud konnt ugangs wéinst "verdächtegen Objeten u sengem Kierper" net confirméiert ginn, dëst ass awer mëttlerweil geschitt. Et war gefaart ginn, hien hätt eng Bomm bei sech, dowéinst war de Service Deminage geruff ginn. D'Police hat de Noutfall-Code "Plato" ausgeruff. D'Stéchwuert steet fir eng lafend Terrorattack mat verschiddene Waffen.
Wéi spéider annoncéiert gouf, sinn zwee weider Verdächteger festgeholl ginn, an den Tëschefall gouf offiziell als Terror-Attack klasséiert.
Géint 9.30 Auer hate Passanten am Staddeel Crumpsall gesinn, wéi en Auto op Mënschen duergefuer an e Mann mat engem Messer blesséiert gi war. Wéi den Täter versicht hat, mat sengem Messer an d'Synagog anzedréngen, wier d'Police komm an hätt, no enger Warnung, op den Onbekannte geschoss.
Brittesche Medien no wieren zwou Persounen ëm d'Liewe komm, dräi weiderer géifen a Liewensgefor schwiewen. De Keir Starmer schwätzt vun enger schrecklecher Dot, besonnesch well et um héchste jiddesche Feierdag Jom Kippur geschitt ass. De brittesche Premier hat dowéinst och annoncéiert, fir den informellen EU-Conseil zu Kopenhagen fréizäiteg ze verloossen, fir dann en Donneschdeg am Nomëtteg zu London eng Noutfallsëtzung zehalen, éiert hie weider op d'Plaz vun der Attack flitt.
Och de Kinnek Charles an d'Kinnigin Camilla hu sech schockéiert gewise vun der Dot. De Buergermeeschter vu Manchester huet vun engem "schwéiere Virfall" geschwat, mee et géing elo keng onmëttelbar Gefor méi bestoen. Trotzdeem sollten d'Awunner d'Ëmgéigend aktuell meiden.