Zu Kopenhagen sinn e Mëttwoch an e Freideg déi europäesch Staats-a Regierungscheffen fir en informelle Sommet beienee komm.

Zu Kopenhagen sinn déi europäesch Staats-a Regierungscheffen fir en informelle Sommet beienee komm. Um Mëttwoch waren d'Diskussioune just tëscht de 27 EU-Memberlänner, um Donneschdeg sinn d'Gespréichsronnen dann och fir aner europäesch Länner, dorënner Groussbritannien, d'Tierkei an d'Ukrain opgemaach ginn. Haaptsujete sinn an éischter Linn d'Zukunft vun der europäescher Defense, awer och weider Ënnerstëtzunge fir d'Ukrain. Fir Lëtzebuerg ass de Premier Luc Frieden zu Kopenhagen mat dobäi. 
 
Zanter dem Ufank vum Ukrain-Krich ass an der EU russescht Verméigen an Héicht vu ronn 200 Milliarden Euro agefruer. Géif et der Europäescher Kommissioun no goen, sollten dës Suen a Form vu Prêten un d'Ukrain goen. No den Diskussioune sollen déi Suen fir elo mol an der Tru leie bleiwen, et ass ee sech bei dëser Fro nämlech nach net eens: Riets ass vu ville oppene juristesche Froen, awer och vun der Stabilitéit vun der Eurozon, esou de Lëtzebuerger Premier Luc Frieden zu Kopenhagen:

"Dat ass en, dat ass en Thema, wat muss sécherstellen, datt een an der Eurozon net einfach kann Sue beschlagnamen, ouni Geriichtsbeschloss, an och net duerch eng politesch Decisioun. Dat ass d' Kredibilitéit vun Europa. Mee nach eng Kéier, mir si bereet eis un enger Léisung ze bedeelegen, wa se juristesch d’Strooss hält."

Virun allem d'Belsch gesäit d'Propose kritesch, well déi meescht russesch Suen vun Euroclear mat Sëtz zu Bréissel gehale ginn. Méiglech juristesch Schrëtt vu Russland géife sech dann an éischter Linn géint d'Belsch riichten.

Zweete Sujet um Ordre du Jour ass d'Zukunft vun der europäescher Defense: En vue vun de Provokatioune vu russescher Säit, wou jo Kampffligeren an Dronen rezent an NATO-Loftraum agedronge waren, wëllen d'Europäer un enger gemeinsamer Approche schaffen. D'Propose vun enger europäescher Drone-Mauer läit hei um Dësch. Wéineg iwwerraschend sinn et déi osteuropäesch a baltesch Länner, déi sech fir dës Propose staark maachen. Däitschland a Frankräich di sech mat der Iddi méi schwéier, well ee kuerzfristeg u méi realistesche Projeten misst schaffen. De franséische President Macron:

"Je me méfie de, parfois, des termes un peu rapides. Est -ce qu 'il y a des dômes de fer qui existent pour les Européens, ou des murs de drône ? Les choses sont plus sophistiquées, plus complexes. En réalité, il nous faut avoir des systèmes d' alerte préavancés pour mieux anticiper la menace. S 'ils existent techniquement, il faut les développer en commun."

Fir de Premier Luc Frieden misst ee sech am Allgemengen méi breet opstellen, net just am Beräich vun den Dronen:

"Kee Land kann eleng dat dote fäerdeg bréngen, mee nach eng Kéier, et muss een och realistesch sinn, et kann ee sech net total ofschotten, mee mir mussen, do wou mer mierken, datt potentiell Gefore sinn, datt mer do kënne méi resistent, méi resilient sinn, an ech mengen, dat gëllt och fir eist Land, mir mussen kucken, datt mer notamment an der Cybersécherheet kucken, datt mer esou mann vulnerabel sinn, wéi nëmme méiglech."

D'Diskussioune vum Sommet ginn am europäesche Conseil Enn dës Mounts ënnert de 27 EU-Member Länner viru gefouert. An de Gespréicher gëtt sech dann mat den europäeschen Net EU-Länner concertéiert.